Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  One World

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politeschen Accord vu qualifizéierter Majoritéit fonnt

Nei Verfassung

Politeschen Accord vu qualifizéierter Majoritéit fonnt

De Rapport iwwer déi geplangten nei lëtzebuergesch Verfassung gouf de Moien an der zoustänneger Chamber-Kommissioun mat de Stëmme vun den dräi Majoritéitsparteien a vun der CSV ugeholl. déi Lénk hu sech enthalen, d'ADR ass net an der Kommissioun vertrueden. Domat gëtt et e politeschen Accord vun enger qualifizéierter Majoritéit an der Chamber fir den Text vum geplangten neie Grondgesetz.

auto_stories

2 min

D'Verfassung vum 17. Oktober 1868. Foto: Archives Nationales

Am Rapport steet och, datt et keng qualifizéiert Majoritéit gëtt, fir den Text nach an dëser Chamber-Sessioun unzehuelen, esou den CSV-Deputéierte Léon Gloden.

Dowéinst recommandéiert d'Chamber-Institutiounekommissioun den Text net virun an d'Prozedur ze ginn, mä der nächster Chamber dat ze iwwerloossen.

CSV stëmmt fir de Rapport

De Léon Gloden seet, datt dat den neie Punkt gewiescht wier, fir datt d'CSV dëse Rapport hätt kënne mat ofstëmmen.

D'CSV ass wéi gewosst géint eng Verfassungsrevisioun nach an dëser Legislaturperiod. Der gréisster Oppositiounspartei no soll e verbindleche Referendum iwwer de kompletten Text fréistens no den Europawahlen 2019 organiséiert ginn. An an den CSV-Wahlprogramm soll dozou stoe kommen, datt een den Text mat de Leit wéilt diskutéieren. Weiderhin huet de Léon Gloden ënnerstrach, datt d'CSV um Referendum wëllt festhalen.

Den Alex Bodry huet sech de Moien erliichtert gewisen, datt de Rapport ugeholl gouf. Et hat laang esou ausgesinn, datt et virun de Chamberwahle kee politeschen Accord fir den Text méi géif ginn.

E modernen Text

Den Text vun der geplangter neier Verfassung géif elo vun 90 Prozent vun der Chamber gedroe ginn, seet den LSAP-Deputéierten a President vun der Institutiounekommissioun.

Et wier e moderne Verfassungstext a fir den Alex Bodry war et wichteg, déi Aarbechte mat engem offiziellen Dokument, also engem Rapport ofzeschléissen. Et wier elo un der nächster Chamber ze decidéieren, ob se dee Rapport an de proposéierten Text mat enger breeder Majoritéit géif ofstëmmen, oder ob se nach aner Modifikatioune géif maachen. Den Alex Bodry mengt, datt "d'Rad net méi zeréckzedréinen" wier.

Wéi geet et weider?

Wat mat der geplangter neier Constitutioun ännert, soll an den nächste Woche presentéiert ginn, op enger Pressekonferenz an duerch d'Publikatioun vun enger verständlecher Versioun vum Text.

Fir déi nei Verfassung ze stëmmen, ass eng Majoritéit vu 40 vun de 60 Deputéierten an der Chamber néideg. Den zweete Vott soll duerch e Referendum ersat ginn. Den Alex Bodry rechent domat, datt déi nei Constitutioun bis Enn 2020 kann a Kraaft trieden.


De Serge Kesseler am Panorama de 6. Juni um 12 Auer:

Lauschterenplay_arrow