Radioen

On air

Tockcity  |  Ride - Monaco

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Politesch Duebelmandater: CSV positionéiert sech am Hierscht

Verfassungsreform

Politesch Duebelmandater: CSV positionéiert sech am Hierscht

​De President vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit Claude Clemes hofft, datt d'CSV-Positioun a Saache geplangte Reform vum Wahlgesetz am spéiden Hierscht dëst Joer virläit. Op enger CSG-Reunioun den Dënschdeg den Owend zu Stroossen war de Startpunkt vun der Reflexioun iwwer d'Froen, déi de Premier Xavier Bettel a sengem Bréif vum Februar dëst Joer gestallt hat, esou den CSG-President Claude Clemes.

auto_stories

2 min

Den CSG-President a Member vum Gemengerot vu Monnerech erënnert un den CSV-Virschlag am Programm fir d'Chamberwahlen, fir e professionelle Buergermeeschter. An dës Richtung kéint et also goen, sou de Claude Clemes. Engem professionellen, haaptberuffleche Buergermeeschter kéint ee professionellen Deputéierte géintiwwer stoen, seet de President vun de chrëschtlech-soziale Gemengeréit.

Méi Zäit fir d'Deputéiert wier positiv, ënnersträicht de Claude Clemes, si missten dee Moment awer och vu Mataarbechter ënnerstëtzt ginn. Lëtzebuerg wier, wat dee Volet ugeet, momentan nach "an de Kannerschong".

An der CSV ginn et nach intern Widderstänn

Wann ee professionell Buergermeeschtere géif aféieren, géif dat fir si méi Zäit bedeiten, an och eng deementspriechend Entschiedegung, esou den CSG-President. Bei der CSV wier awer net jiddwereen - virun allem Député-Mairen - vun der Iddi vun engem eventuellen Opgi vum Mandater-Cumul begeeschtert.

Hannergrond

Hannergrond vun der Debatt ass e Bréif vum Premier Xavier Bettel en vue vun enger Reform vum Wahlgesetz, op deen d'Parteie bis den éischte Juli hir Positioun - ënner anerem zu den duebele politesche Mandater - sollte matdeelen. D'LSAP schwätzt sech an hirer Äntwert op dëse Bréif géint politesch Duebelmandater a fir Vollzäitdeputéiert aus.

DP, déi Lénk an ADR hu sech nach net positionéiert

déi gréng si grondsätzlech fir en eenzege Wahlbezierk a géint duebel politesch Mandater, seet d'Fraktiounscheffin Josée Lorschée. Wéi dat genee soll ëmgesat ginn, misst awer nach analyséiert ginn.

Den CSV-President Frank Engel hat schonn ugekënnegt, datt déi gréisst Oppositiounspartei fuerdert, datt d'Bierger an engem Referendum eng Rei präzis Froe gestallt kréien, zum Beispill iwwer d'Wahlbezierker oder d'duebel Mandater.

D'DP huet sech nach net ëffentlech positionéiert, huet dat awer wëlles, genee wéi déi Lénk an d'ADR.