Als Beispill nennt de Pascal Ricquier Protokoller déi ausgestallt ginn, wa Leit falsch parken. D'Police géif sech aktuell do ëm alles këmmeren: se verschécken, wann néideg, e Rappell, a wann net bezuelt gëtt, misst e Protokoll gemaach ginn. D'Leit missten op de Büro geruff ginn, et géif eng Unhéierung gemaach ginn an den Dossier misst op d'Geriicht geschéckt ginn. "Dat kéinten alles och d'Agents municipaux maachen", esou de Pascal Ricquier.
De Pascal Ricquier schléisst och net aus, datt d'Agents municipaux an de Stroosse kéinte patrulléiere fir d'Sécherheet ze verbesseren, esou wéi d'Inneministerin Taina Bofferding et viru Kuerzem proposéiert huet. Den SNPGL-President betount awer, déi aktuell Gesetzer missten dann entspriechen ugepasst ginn, an dat géif Zäit brauchen.
Méi Kompetenze fir d'Police
D'Policegewerkschaft SNPGL fuerdert ausserdeem, datt d'Police méi Méiglechkeete kritt fir Leit ze réckelen, déi an der Entrée vun Haiser schlofen. D'Regierung misst déi entspriechend Gesetzer änneren, esou den SNPGL-President Pascal Ricquier.
"D'Police ka jo nëmmen eppes maachen an engem legale Kader. A soulaang dat net besteet hu mir e Problem, well déi Leit, déi do léien, déi wësse ganz genau, datt mir se net kënnen do ewechhuelen. Mir kënnen se just fein froen: Kënnt Der w.e.g. fortgoen? Wann se dat awer net wëllen, da kënne mir guer näischt maachen."
D'Police misst gesetzlech d'Handhab kréie fir déi concernéiert Leit op eng aner Plaz ze bréngen. Hie gëtt ze bedenken, och een zäitlech begrenzte "Platzverweis" géif net verhënneren, datt d'Leit den Dag drop nees op déi selwecht Plaz zréckkommen. D'Regierung wär dofir gefuerdert fir eng méi "dauerhaft Léisung" ze fannen, seet de Pascal Ricquier.