Chamber diskutéiert iwwer Plattforme fir Verfassungsdebatt

D’Chamber huet nach ëmmer net definitiv gekläert, wéi se den Debat am Virfeld vum Verfassungsreferendum wëll begleeden. Ëmstridden ass d’Propose vun der Uni fir zesumme mat TNS Ilres de Verlaf vun der Verfassungsdebatt am Kader vun engem wëssenschaftleche Panel z’analyséieren. Wann een d’Resultat vun där Etude virum Referendum vum 7. Juni géif publizéieren, kéint dat d’Ofstëmmung manipuléieren, sou d’Kritik vum ADR-Deputéierte Gast Gibéryen. D’Diskussiounsplattforme vun der Chamber missten eng gewëss Neutralitéit garantéieren:

 

Schonn decidéiert ass, dass d’Chamber sechs regional Informatiounsreuniounen organiséiert. Hei sollen ausschliisslech d’Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, de Bierger Ried an Äntwert stoen. Hearinge fir d’Zivilgesellschaft sinn net virgesinn. Dozou sot de Mars di Bartolomeo (LSAP) no der Conférence des Présidents vum 12. Januar:

 

Den Deputéierte vun déi Lénk Serge Urbany ass der Meenung, datt d’Proposë vun der Chamber prinzipiell an déi richteg Richtung ginn. Och wann hie bedauert, datt keng Hearinge fir d’Zivilgesellschaft organiséiert ginn. Besonnesch begréisst de Serge Urbany, datt iwwert de konsultative Referendum eraus, den Dialog mat de Bierger soll gesicht ginn. Um Site vun der Chamber sollen och nom 7. Juni nach kënnen Ännerungsvirschléi zu aneren Aspekter vum Verfassungstext agereecht ginn:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen