Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Obongjayar - Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Plagiatsvirwërf géint de Xavier Bettel

Ofschlossaarbecht vun 1999

Plagiatsvirwërf géint de Xavier Bettel

Beim Premier Xavier Bettel senger Ofschlossaarbecht aus dem Joer 1999 op der Université Nancy-II handelt et sech ëm e "klore Fall vu Plagiat": dat schreift den Online-Magasinn reporter.lu haut an engem Artikel ënner dem Titel "Der Copy-and-Paste-Premier".

auto_stories

3 min

De Xavier Bettel. Foto: Micael Borges

Lauschterenplay_arrow


Reporter.lu schreift vun enger "Plagiatsaffär": rieds geet donieft vun engem "akute Plagiatsverdacht", deen a senger Dimensioun senges gläiche sicht. Dem Xavier Bettel seng Ofschlossaarbecht wier een "androcksvolle Sammelsurium vum ofgeschriwwene Passagen, déi den üblechen akademeschen Ufuerderungen net géif gerecht ginn.

Nëmmen an Deeler vun der Introduktioun an am kuerze Fazit vun der Aarbecht wiere keng plagiéiert Textpassagen ze fannen.

Een Interview zu dëse Virwërf wollt de Premier de Moien net ginn. A senger schrëftlecher Reaktioun seet de Xavier Bettel op Nofro:

"Ech hunn virun iwwer 20 Joer am Kader vun engem weiderféierendem Studiegang meng DEA (diplôme d'études approfondies) Ofschlossaarbecht geschriwwen, déi vun der Universitéit zu Nanzeg (Université Nancy-II) bewäert an unerkannt ginn ass."

Senger Erënnerung no, hätt hien dës Aarbecht deemools "no beschtem Wëssen a Gewësse verfaasst", esou de Xavier Bettel weider a senger schrëftlecher Reaktioun op d'Virwërf.

"Aus haiteger Siicht erkennen ech un, dass een dat hätt kéinten, jo vläicht missten aneschters maachen. Ech vertrauen hei voll a ganz der Universitéit Nanzeg fir ze jugéieren op déi concernéiert Aarbecht den deemolege Critèren entsprécht. Falls dat net de Fall sollt sinn akzeptéieren ech selbstverständlech eng deementspriechend Decisioun."

1999 - also am Joer vu senger Ofschlossaarbecht - gouf den DP-Politiker mat 26 Joer eng éischte Kéier souwuel an d'Chamber wéi an de Stater Gemengerot gewielt. Gläichzäiteg war de Xavier Bettel deemools President vun der JDL.

Oppositiounspolitiker wëllen Analys ofwaarden

An enger wëssenschaftlecher Aarbecht ofzeschreiwen ass "deontologesch méi wéi verwerflech ass" an ass eppes wat "ganz vill iwwer de Charakter vu Leit ausseet", déi et fir néideg fannen, sech mat den intellektuelle Leeschtunge vun Aneren ze bretzen, esou d'Reaktioun vum Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

Hie schwätzt vun enger "ganz graver Virgoensweis" vum Xavier Bettel. Déi "hallef-häerzeg Exküs" vun de Moie géif him net duergoen. Et bräicht elo eng Analys vun der Université de la Lorraine, jee no Konklusioun misst de Premier dann och "déi néideg Konsequenzen" zéien.

D'Amt vun engem Politiker hätt ganz vill mat Vertrauen, mat Éierlechkeet, Opriichtegkeet a mat perséinlecher Integritéit ze dinn, esou nach de Sven Clement. Et wier awer schwéier als Politiker fir Integritéit anzestoen, wann ee beim Ofschreiwen erwëscht gouf, esou d'Kritik vum Oppositiounsdeputéierten um Premier Xavier Bettel.

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser weist sech enttäuscht, nodeem hie gelies huet, datt de Xavier Bettel eventuell Plagiater a senger DEA-Aarbecht gemaach huet. Zu Lëtzebuerg hätt een eng Situatioun, wou d'Politiker am Verglach zum Ausland "ganz retizent" wieren, fir politesch Konsequenzen ze zéien.

Fir de Xavier Bettel géif, wéi fir jiddereen, d'Onscholdsvermutung gëllen, dorun erënnert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.