Och de João Leão, deen emol portugisesche Finanzminister war, ass net méi an der Course.
Am Communiqué vun der Regierung steet, Lëtzebuerg a Portugal hätten d'Kandidature vun de Leit, déi si an d'Course geschéckt haten, d'un commun accord zeréckgezunn.
Firwat? Well sech erausgeschielt hätt, datt kee vu béiden déi néideg qualifizéiert Majoritéit vun de Stëmme kréich.
Den drëtten Ulaf fir en europäesche Posten
Dem Pierre Gramegna ass et also och am drëtten Ulaf net gelongen, en europäesche Posten ze kréien: als Finanzminister hat hie sech zweemol ëm d'Presidence vum Eurogrupp beméit, elo wollt hien d'Direktioun vum ESM iwwerhuelen.
Woubäi säin Interessi fir déi Plaz extrem iwwerrascht hat, wéi en Ufanks Mee bekannt gouf, bal op den Dag genee sechs Méint no senger Demissioun als Finanzminister - aus private Grënn, wéi déi deemoleg DP-President Corinne Cahen sengerzäit verroden hat.
Aktuell kee Kandidat
No deem duebele Réckzuch vun haut ass elo guer kee Kandidat méi an der Course fir Chef vum Euro-Rettungsfong ze ginn.
De Paschal Donohoe, President vum Eurogrupp, muss elo kucken, eng Persoun ze fannen, déi konsensfäeg ass.
An dat méiglechst séier: dem Klaus Regling säi Mandat un der Spëtzt vum ESM leeft nämlech de 7. Oktober of.