Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pierre Gramegna trëtt als Minister zeréck

Regierung

Pierre Gramegna trëtt als Minister zeréck

De Pierre Gramegna trëtt als Finanzminister zeréck. Dat deelt déi Demokratesch Partei (DP) an engem Communiqué mat. Seng Demissioun hätt perséinlech Grënn, heescht et.

auto_stories

2 min

Déi Demokratesch Partei seet dem Pierre Gramegna am Communiqué fir seng Aarbecht a säin Engagement Merci. Wärend sengem Mandat hätt hie sech dofir agesat, datt d'Finanzplaz transparent géif ginn an de groussen internationale Standarde géif nokommen.

D'Partei wéilt esou séier wéi méiglech de Comité directeur zesummeruffe fir iwwer d'Successioun vum Pierre Gramegna ze beroden, heescht et am Communiqué.

De ganzen Interview mat der Corinne Cahen lauschterenplay_arrow

Am 100,7-Interview huet d'DP-Parteipresidentin Corinne Cahen gesot, si wier och iwwer d'Demissioun vum Pierre Gramegna iwwerrascht gewiescht. De Premier Xavier Bettel a si hätten zwar probéiert de Pierre Gramegna ze iwwerriede weider ze bleiwen, mee hien hätt ze verstoe ginn, datt hie méi Zäit fir seng Famill wéilt hunn: hie wier viru Kuerzem Grousspapp ginn.

De Pierre Gramegna wier am Süden en Zuchpäerd fir d'DP gewiescht, gëtt d'DP-Parteipresidentin zou. Si weist awer Versteesdemech datt ee mat 63 Joer wéilt a Pensioun goen. "Do dierfe mir dem Pierre Gramegna net draschwätzen", esou d'Corinne Cahen. En vue vun den nächste Wale misst d'DP kucken, wéi se sech wéilt opstellen.

D'Corinne Cahen wollt op Nofro hin "kategoresch" ausschléissen, datt et Problemer an der Partei, Fraktioun oder Regierung gi wieren. "Dat ass pur Spekulatioun, do ass näischt drun", esou d'DP-Parteipresidentin.

Nach kee Successeur bekannt

Elo géif et drëms goe fir ee Successeur vum Pierre Gramegna ze fannen, dofir missten d'Gremien elo zesummekommen. D'Corinne Cahen wollt sech awer net dozou äusseren, no wéi enge Krittären dat soll geschéien. Als éischt misst an der Partei de Profil ausschaffe fir den nächste Finanzminister.

Zum geneeën Zäitplang wollt d'Corinne Cahen awer näischt soen - de Pierre Gramegna wier awer "ganz sécher" bis Enn Dezember nach Minister. Et géif aktuell och nach keen Numm ginn, wien de Successeur vum Pierre Gramegna géif ginn. Op den Alain Kinsch ugeschwat huet d'Corinne Cahen gesot, datt dat eng Optioun wier, déi si weder ausschléissen nach confirméiere kéint. Si hätt nach mat kengem iwwer d'Successioun rieds.

De radio 100,7 huet och beim Pierre Gramegna eng Stellungnam ugefrot - krut bis elo awer keng Äntwert.