Radioen

On air

Notturno  |  The Mauskovic Dance Band - Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et dierft erëm kontrovers ginn"

USA

"Et dierft erëm kontrovers ginn"

D'Stad Cleveland steet vun dësem Méindeg un fir véier Deeg am Zentrum vun der amerikanescher Politik – mat der republikanescher Convention. De Star soll do den Donald Trump sin. De Milliardär vu New York soll hei offiziell zum Nominéierten fir d'Presidentschaft vun der republikanescher Partei genannt ginn. Mir hu mat eisem USA-Korrespondent, Philip Crowther, geschwat. Hien ass op der Plaz.



auto_stories

4 min

Um Donneschdeg soll dem Donald Trump säi groussen Dag zu Cleveland ginn. Den 100,7-Korrespondent Philip Crowther ass op der Plaz (Foto: Bigstock)

Am Virfeld vun der Convention vu Cleveland ware vill Manifestatiounen annoncéiert. Huet dat sech confirméiert?

Philip Crowther (Cleveland): De Moment ass et nach roueg (Méindeg Moie Lëtzebuerger Zäit), och wa schonn éischt Manifestanten ënnerwee sinn. Si kommen aus allen Deeler vum Land an et gëtt fir si vill Grënn fir ze manifestéieren: Et gëtt der géint den Donald Trump selwer zum Beispill, géint seng Auslandspolitik ënner anerem, mee och Leit déi géint d'Policegewalt protestéieren. An och wann de Moment nach net vill lass ass, sou kann dat sech séier änneren. D'Konventioun dauert véier Deeg am Ganzen, dat gëtt ville Leit vill Méiglechkeeten sech ze manifestéieren. D'Police weess dat, et sinn Dausende vu Polizisten op de Stroosse vu Cleveland. No bei d'Konventioun selwer bäizekommen ass dofir och ganz schwéier.

Et schéngen also vill Tensioun ze ginn ëm des Conventioun zu Cleveland? Awéiwäit huet dat mam aktuelle Kontext ze dinn?

Relativ vill. De Kontext ass dee vun der Policegewalt an dee vun der Gewalt géint d'Police, zum Beispill vun de Noriichten déi um Sonndeg vu Baton Rouge koumen, der Haaptstad vu Louisiana. Op een Neits gouf do op Poliziste geschoss, dräi Poliziste si gestuerwen. Et ass och déi Stad wou ee jonke Schwaarze virun enger Woch vun engem wäisse Polizisten erschoss gouf. An déi Tensiounen iwwerdroen sech och op Cleveland. Vill Manifestanten déi elo op Cleveland kommen, sinn Unhänger vu "Black lives matter", déi sech also fir de Schutz vun der schwaarzer Communautéit hei an den USA asetzen. Éischt Gewalt kéint schonn opkomme wann et hei um Méindeg zu Manifestatioune fir den Donald Trump kënnt, an der géint hien.

A wat geschitt am Sall vun der Convention selwer? Wéi leeft esou en Evenement of?

Bannen am Sall ass d'Situatioun ganz anescht wéi baussen. Et ass eng ganz roueg Atmosphär. Véier Deeg laang wäert do elo eng Geschicht ronderëm den Donald Trump lues a lues opgebaut ginn, Membere vu senger Famill kommen op d'Bühn an et gi Riede fir hie gehalen. An déi Riede ginn iwwregens deelweis gehale vu Leit, déi bei de Primairë géint den Donald Trump waren. En Donneschdeg den Owend ass dem Donald Trump säi grousse Moment, hie gëtt dann nominéiert. Trotzdem ass dës Kéier net alles sou einfach. Normalerweis gëtt et ee kloren Zeenario wéi dat Ganzt ofleeft, och well d'Partei wëll Unitéit weisen. Mee et kéint hei zu Cleveland e puer Delegéiert ginn, déi sech kéinte géint den Donald Trump asetzen. Spektakulär gëtt et op allefalls.

Den Donald Trump ass jo net vun alle Republikaner als Kandidat erwënscht...

Nee, dat ass kloer. Och wann een d'Lëscht vun den Intervenanten um Donneschdeg Owend kuckt, da gesäit een datt der vill net kommen. Normalerweis sinn zum Beispill Ex-Presidenten dobäi. Mee weder den George W. Bush nach säi Papp oder säi Brudder den Jeb Bush, Konkurrent vum Trump, sinn hei. Den Ted Cruz, e weidere Konkurrent vum Trump, wäert awer op der Plaz sinn an och op der Bühn stoen. Et gëtt allgemeng vill Republikaner déi net wëlle fir den Donald Trump wielen. Hie bleift een Outsider, deen net zum Establishment vun der Partei gehéiert.

Firwat ass d'Convention eigentlech zu Cleveland, der Haaptstad vun Ohio?

Et ass effektiv een interessante Choix. Ohio ass ee sougenannte "Swingstate", déi also kann entweder vun de Republikaner oder den Demokrate gewonne ginn. D'Marge ass normalerweis ganz kleng. D'Republikaner organiséieren also d'Konventioun grad hei, well si sech erwaarden, domat eventuell e puer Votten op hier Säit ze kréien. Ech selwer war awer an enger Rei Staddeeler déi absolut näischt wëlle vum Donald Trump wëssen. Soss ass Cleveland absolut kee logesche Choix. Et ass eng immens aarm Stad, eng vun den äermsten an den USA, an eng wou et eng kloer Divisioun gëtt tëscht der schwaarzen an der wäissen Communautéit.

A wat maachen déi Zäit d'Demokraten?

D'Demokraten hunn hier Convention d'nächst Woch, zu Philadelphia. Do wäerten si d'Hillary Clinton als hir Presidentschaftskandidatin kréine fir d'Nofolleg vum Barack Obama unzetrieden. D'Demokraten ameséieren sech de Moment relativ gutt andeems si de Republikaner nokucken. Si sinn der Meenung, datt déi vill Divisiounen hinnen nëmme kënnen hëllefe fir 2016 d'Presidentschaft nach eng Kéier ze kréien an also géint den Donald Trump gewannen.

A wat steet um éischten Dag um Méindeg um Programm?

Thema um Méindeg ass d'Sécherheet op de Grenze vun den USA. Den Donald Trump wëll jo eng Mauer tëscht Mexiko an den USA bauen. Dat huet Ufanks wéi ee Witz geklongen, och well et eleng logistesch ganz schwéier ass. Mee dat soll awer weider eng vum Donald Trump senge grousse Propositioune bleiwen a wäert och um Méindeg diskutéiert ginn. Et dierft also erëm relativ kontrovers ginn.