Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Busty And The Bass - All The Things I Couldn't Say To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Perfektioun gëtt et am Kampf géint dee Virus net"

Ännerungen um Covid-Gesetz

"Perfektioun gëtt et am Kampf géint dee Virus net"

An der Chamber herrscht kee Konsens, wéi d'Corona-Infektiounszuelen am Beschten nees kënne reduzéiert ginn. déi Lénk an d'Piraten hu gëschter bedauert, datt et keng kloer wëssenschaftlech Argumenter fir déi geplangten nei sanitär Restriktioune géife ginn. Et géif keng Perfektioun am Kampf géint de Virus ginn, huet dorobber de President vun der Santéskommissioun Mars Di Bartolomeo vun der LSAP geäntwert. Wichteg wier elo fir séier ze handelen.

auto_stories

3 min

Déi proposéiert Reegele wiere kloer, fënnt de Mars Di Bartolomeo: Maximal véier Gäscht doheem a maximal zu véier am Restaurant oder Café - mat der Ausnam fir Leit aus engem Stot. No 23 Auer soll kee méi virun d'Dier goen, mee do virdru misst een eng gewësse Convivialitéit zouloossen. "An ech hu keen héieren, deen als Alternativ de Lockdown proposéiert huet."

Och wann am Detail nach Villes kéint verbessert ginn, esou ënnerstëtzt d'CSV d'Regierungsproposen awer. Et misst elo ganz séier goen, seet de Claude Wiseler. Datt d'Maskeflicht elo bei allen Evenementer mat iwwer véier Leit gëllt, begréisst hin. Och datt grouss Rassemblementer mat iwwer 100 Leit verbuede solle ginn. Hie begréisst och déi nei Regulatioune fir d'Grandes Surfacen.

Datt grouss Butteker vun iwwer 400 Meter Carré nëmme méi maximal ee Client pro zéng Meter Carré dierfen ëmfänke steet am Kontrast zur Situatioun zum Beispill an de Bussen an Zich, wou dacks däitlech méi Leit op enkem Raum zesummekommen. Dozou seet de Mars Di Bartolomeo (LSAP): "Da misste mer den ëffentlechen Transport ofschafen. Esou séier fënnef Mol méi Zich a Busse kréie mer net."

Dem Sven Clement feele wëssenschaftlech Erkenntnisser

Fir déi Lénk an d'Pirate feelen déi néideg wëssenschaftlech Erkenntnisser, déi ee Grondrechtsagrëff wéi d'Ausgangsspär géife justifiéieren.

Datt den Horesca-Secteur opbleift - obwuel hei net kloer ass, wéi grouss den Ustiechungsrisiko ass, hält de Sven Clement vun de Piraten awer grondsätzlech fir richteg.

"Perséinlech sinn ech der Meenung, datt d'Leit sollen doheem bleiwen, esou wäit wéi et geet a sou fréi wéi et geet. Mee et soll ee fräie Choix sinn. Dat heescht, d'Leit solle souwäit et geet doheem bleiwen. Mee wa sech ee sozialen Echange ergëtt, da mengen ech, datt et am Restaurant net onbedéngt méi onsécher ass wéi doheem."

Marc Baum: "Majoritéitsparteie si sech net ëmmer eens"

Beim Verbuet vu Rassemblementer vun iwwer 100 Leit gouf vergiess d'Demonstratiounsrecht auszeklameren, dat misst nogebessert ginn, huet de Marc Baum ervirgestrach. Den Deputéierte vun déi Lénk huet och drop higewisen, datt d'Majoritéitsparteie sech net ëmmer eens wieren. Zum Beispill bei der Fro, wéini Restauranten a Caféë mussen zoumaachen.

"Dat war ee ganz lëschtege Moment, wou op eemol de Kommissiounspresident proposéiert, et sollt een dat vun 23 op 22 Auer erofsetzen. Wou dann d'DP awer direkt ofgewénkt huet a gesot huet: 'Nee, nee, nee, dat wier iwwerhaapt net esou ofgemaach'. No bëssen Hin an Hier ass da gesot ginn, da bleiwe mer bei 23 Auer, well dat vill méi koherent wier. Dat war ee spannende Moment haut."

Déi sanitär Mesurë sollen den aktuelle Bestëmmungen no bis Enn des Joers gëllen - mat Ausnam vun der Ausgangsspär, déi dem Gesetzesprojet no bis Enn November soll a Kraaft sinn. Zil ass et, datt d'Chamber nach dës Woch iwwer dat amendéiert Covid-Gesetz kann ofstëmmen. Gewaart gëtt nach op den Avis vum Staatsrot - deen och nach Ännerungen um Text ka proposéieren.