Radioen

On air

Tockcity  |  Nightbus - Average Boy

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Penurie un Dokteren: Ee Ressourcëproblem mat ville Facetten

Dokteschmangel

Penurie un Dokteren: Ee Ressourcëproblem mat ville Facetten

Bannent den nächsten zwee Méint wäert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert d'Chamber doriwwer informéieren, wéi grouss d'Penurie un Dokteren hei am Land ass a wéi si domat wëllt ëmgoen. Dat ass ee vun de Resultater vum ëffentlechen Debat iwwer eng Petitioun ronderëm d'Ettelbrécker Maternité.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


De Personalmangel am Gesondheetswiese war een zentraalt Thema am ëffentlechen Debat, mee et ass och vill ëm d'Ängscht vun de Patient:inne gaangen. D'Gesondheetsministesch huet versicht ze berouegen.

Ettelbrécker Maternité: Zesummenaarbecht mam CHL

Zanter Juni fonctionéiert d'Ettelbrécker Maternité no engem neie Konzept: am Fall vun enger Urgence gëtt mat der Neonatologie vum Stater CHL zesummegeschafft.

Spezialist:inne kënne bäigeschalt a speziell forméierten Anästhesist:innen Instruktioune ginn, fir datt deen op der Plaz intervenéiert. Au Besoin ginn d'Mamm an de Puppelche mat engem speziell equipéierte Samu an d'Stad gefouert.

Et ass eng Situatioun, déi de Bewunner:inne vum Norde vum Land Kappzerbrieches mécht, seet de Steve Schmitz. Hien ass den Auteur vun der Petitioun hanner dem Debat:

"Eleng dat mécht eis ganz vill Suergen, well deen Trajet dohinner, do ka ganz vill geschéien, also fannen ech, datt dat net déi richteg Léisung ass fir Mamm a Kand. Ech verstinn d'Mammen, déi do net méi wëllen accouchéieren."

De Steve Schmitz plädéiert dofir, datt Urgencë bei Mammen, Puppelcher, an och Kanner 24 op 24 zu Ettelbréck kënnen en charge geholl ginn.

Schwächte vum Gesondheetswiesen

Am Debat ass vill vun Ängscht rieds gaangen, mat um Enn der Feststellung vun der Gesondheetsministesch, datt et nach un Opklärung ronderëm den neien Dispositif zu Ettelbréck feelt, zum Beispill iwwer de Samu, deen en place gesat ginn ass.

D'Diskussioun ronderëm d'Ettelbrécker Maternité géif d'Schwächte vu Lëtzebuerg weisen, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert wärend dem Debat, virop de Ressourcëproblem am Gesondheetswiesen, dee vill Facetten hätt.

Dee wier zum Beispill bei de Pediater:inne grouss. Ee Fakt wier och, datt Spezialiste wéi Neonatolog:innen eng zentral Plaz fir hir Aarbecht brauchen.

"Déi Spezialist:innen, déi ganz spezifesch do d'Kompetenzen hu fir déi fréigebueren, déi a Schwieregkeete sinn, déi sichen natierlech och eng Plaz, wou se eng Routine kréien, well soss verléieren se hiert Handwierk jo och. Am ländleche Raum sinn esou Situatiounen extrem rar."

Bis Enn November soll d'Ministesch ee Pabeier iwwer den Dokoteschmangel an den zoustännege Chamberskommissioune virstellen. Dat huet si den Deputéierten nom Debat hanner zouenen Diere versprach, sou d'Presidentin vun der Petitiounskommissioun Nancy Arendt op Nofro hin.

Bei därselwechter Geleeënheet soll si och - an dat vill éischter wéi geplangt - ee Bilan iwwer den neie Fonctionnement vun der Ettelbrécker Maternité zéien.