Peinlech fir Regierung a Cargolux : Hannergrond vun de Problemer mat de Landerechter a China

De Start-Vol an déi chinesesch Provënz Henan huet missen annuléiert gi well et nach keng Fluchrechter ginn. De Fliger, dee gëscht Owend sollt zu Lëtzebuerg fort fléien, ass deemno net op Zhengzhou geflunn.

Den Infrastrukturminister François Bausch an de Cargolux-CEO Dirk Reich sëtzen zu Zhengzhou um Tarmac a waarden op e Fliger, deen net kënnt. D’Zeremonie, mat där d’Finalisatioun vum Verkaf vu 35 Prozent vun de Cargolux-Parten un d’Provënz Henan sollt gefeiert ginn, ass bis op Weideres an d’Waasser gefall. Ob d’Delegatioun vum Ministère fir näischt mat Steiergelder a China geflunn ass, bleift ofzewaarden. Wéini d’Cargolux d’Landerechter kritt ass nämlech nach net gewosst.

Den Hannergrond vun de Problemer mat de Landerechter ass genee sou penibel : 100,7-Informatiounen no gouf em den 20. Mäerz iwwer d’lëtzebuerger Direction de l’Aviation Civile eng Demande gemaach fir zwee regulär Volen d’Woch. Eng Demande an den Délaien, déi bis haut hätt kënnen autoriséiert sinn : a China gëllt Experten no eng Frist vu 25 Deeg fir esou eng Autorisatioun.

Ufank Abrëll gouf et dunn an der neier Cargolux-Generaldirektioun e Revirement: ënnert anerem den neien Direktiounsmember Robert Song huet gemengt, et wier gutt direkt 7 Volen d’Woch unzefroen, obwuel der am Ufank just zwee geflu ginn, an obwuel der am kommerziellen Accord mat HNCA just 4 d’Woch virgesi sinn. De Minister Bausch huet déi Iwwerleeung den 8. Abrëll am 100,7-Interview confirméiert:
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-04-08-me-Interview-François-Bausch-Cargolux-fir-blog.mp3"][/audio]

De Problem ass: déi Demande fir 7 Flich d’Woch ass ufank Abrëll agereecht ginn. Entgéint der Recommandatioun vun den zoustännege Cargolux-Servicer : eisen Informatiounen no hunn déi gewarnt, datt et ze spéit wier. Mat engem Délai vu 25 Deeg war et ze knapp, fir bis de 25. Abrëll eng Autorisatioun ze hunn, och wann den neien Direktiounsmember Robert Song soll gesot hunn, hien hätt déi néideg Kontakter a China fir déi Saach an d’Rei ze bréngen. Well Ufank der Woch nach keng Autorisatioun virlouch, gouf a Panik probéiert, nach séier 2 Charter-Flich d’Woch unzefroe fir datt den éischte Vol vu gëscht Owend kéint assuréiert ginn. Experten no gëllt awer och fir esou eng Demande en Délai vu 7 Deeg. Mir haten des Woch Informatiounen iwwert en Hin an Hir mat dem Demanden, an dorop ugeschwat, sot de Minister Bausch den 23. Abrëll :
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Bausch-2-fir-blogh.mp3"][/audio]

Den Deal ass ënnerschriwwen, trotzdem huet d’Cargolux nach keng Landerechter zu Zhengzhou. Eng Source aus dem Milieu vun der Loftfracht sot eis, déi ganz Industrie géif iwwert de Virfall laachen. Méi Sourcen no, kéinten och aner Provënze sou wéi chinesesch Airlines Drock maachen zu Peking. D’Lëtzebuerger hunn elo jiddefalls d’Erfahrung gemaach, datt et a China méi Acteure gëtt wéi just d’Provënz Henan an datt et net duer geet, HNCA am Actionnariat ze hu, fir zu Peking Faveure gemaach ze kréien.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen