Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Peegelstänn, déi nach ni virdru verzeechent goufen

No den Iwwerschwemmungen

Peegelstänn, déi nach ni virdru verzeechent goufen

D'Héichwaasser vun der leschter Woch wier ee Joerhonnert-Evenement gewiescht. Dat soten d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg an d'Cheffin vun der Hydrologie am Waasserwirtschaftsamt, Christine Bastian, haut virun der Press.

auto_stories

2 min

Iechternach war besonnesch vun den Iwwerschwemmunge betraff

Lauschterenplay_arrow


Vun Ufanks der Woch un hätt een d'Lag suivéiert, seet d'Christine Bastian, och Donnéeë vu bausse koumen eran, dorënner déi vun europäesche Warnsystem EFAS. Dënschdes Nomëttes goufe Campinger a Chantiersbedreiwer, déi riskéiere betraff ze ginn, als éischt gewarnt. Update goungen iwwer inondations.lu eraus.

Warnunge goungen iwwer inondations.lu eraus

D'Kritik, datt d'Bevëlkerung net gutt informéiert gi wier, gouf op der Pressekonferenz net gëlle gelooss. Et hätt ee säi Méiglechst gemaach fir esou breet wéi méiglech ze informéieren, seet d'Christine Bastian vum Waasserwirtschaftsamt.

D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg huet op déi personaliséiert Messagen higewisen, déi iwwer de spezielle Site ze kréie sinn. Leit, déi an Héichwaassergebidder wunnen, wiere gewinnt, datt een op inondations.lu eng Alert kritt.

Et war net vill Zäit ze reagéieren

Trotzdeem wier d'Situatioun déi lescht Woch exzeptionell gewiescht, an och dowéinst wieren et - trotz Warnungen - Mëttwochs Inconnue ginn, seet d'Christine Bastian. Et wier "enorm enorm vill" Waasser gefall, d'Waasser wier och immens séier geklommen, an tëschent der Phase préalerte Mëttes an der Phase alerte um 17 Auer wier net vill Zäit gewiescht fir ze reagéieren.

Op 15 Plazen am Land goufe Peegelstänn gemooss, déi virdrun nach ni verzeechent goufen. Et wier een erstaunt gewiescht iwwer d'Meteosituatioun an d'Waassermassen, déi erofgaange sinn, iwwerrascht wier een awer net ginn. Déi Responsabel vum Ëmweltministère soen awer och: d'Héichwaasser-Dispositiounen déi hei am Land hu gegraff.

Carole Dieschbourg gesäit Lien mat Klimawandel

Wat d'Ausléiser vun der Katastroph ugeet, sou gesäit d'Carole Dieschbourg ee Lien mam Klimawandel, a mat deem senge Konsequenze misste jiddweree léieren ëmzegoen: "Mir haten 2016, 2018 Starkreenevenementer, hei hu mer quasi ee Wanterhéichwaasser am Summer, extrem vill Reen, an déi Saachen heefe sech."

Nieft dem Klimawandel wier awer och d'Versigelung vun de Flächen ee Problem, deem een awer iwwer den Naturpakt wéilt entgéintwierken, sou nach d'Ëmweltministerin.