Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Teletravail: Patronat ass mat Ziler vu Petitioun averstanen

Petitioun huet néidege Seuil erreecht

Teletravail: Patronat ass mat Ziler vu Petitioun averstanen

Eng Petitioun fuerdert bis zu zwee Deeg Teletravail d'Woch, och fir Frontalieren. Um Moie vum 19. Juli goufe scho méi wéi 12.300 Ënnerschrëfte gesammelt. D'Patronatsvertrieder vun der UEL begréissen, datt dës Léisung et Salariéë méi einfach géif maachen, fir hei am Land ze schaffen. Mee bei de Frontaliere wier een nach wäit ewech vun zwee Deeg Télétravail d'Woch.

auto_stories

3 min

Eng rezent Petitioun fuerdert bis zu zwee Deeg Teletravail, och fir d'Frontalieren. Foto: Unsplash / Štefan Štefančík

Lauschterenplay_arrow


All Léisung, déi et de Salariéë méi einfach mécht fir hei am Land ze schaffen, wier eng gutt Léisung, seet de Michel Reckinger, President vun der UEL, der Unioun vun den Entreprisen..

D'Patronatsvertrieder ginn awer och ze verstoen, datt ee bei de Frontalieren nach wäit vun zwee Deeg Home-Office d'Woch ewech ass: Beim Télétravail fir d'Frontaliere sinn d'Betriber den Ament mat verschiddenen deels restriktiven internationale Bestëmmunge konfrontéiert.

Oppassen op international Besteierungsreegelen a Sécurité sociale

Deemno géif d'Handwierkerfederatioun (Fédération des Artisans) hire Betriber roden, gutt op déi international Besteierungsreegelungen an op d'Sécurité sociale opzepassen, esou de Generalsekretär vun der FDA, de Romain Schmit:

"Mir soen de Betriber: Pass op! An deem oder deem Land ännert de Regime vun de Steieren an duerno vun der Securité sociale. Wann een dann déi 19 oder 29 Deeg op d'Joer ëmrechent, dat ass knapp een Dag Télétravail all zwou Wochen."

D'Petitioun wier e Wonschdenke par Rapport zu den europäesche Reegelen, déi den Ament existéieren, esou nach de Romain Schmit, well si nach net déi Méiglechkeeten opmaachen, déi an der Petitioun gefuerdert ginn.

Verbesserungen a méi Kloerheet bei Reegelung fir Télétravail gewënscht

Zanter dem éischte Juli gëllen nees déi dräi bilateral Ofkommesse mat den Nopeschlänner. Dora sinn eng limitéiert Zuel un Deeg festgeluecht, déi ee vun doheem aus ouni fiskal Konsequenze ka schaffen.

Dem Michel Reckinger, President vun der UEL no wéilt een d'Regierung ënnerstëtze fir op europäeschem Plang Verbesserungen ze erreechen, ma dat géif Lëtzebuerg herno Sue kaschten:

"Wéi vill Steiere sinn déi eng Säit, wéi vill déi aner Säit? Wéi vill Sozialkäschte sinn déi eng Säit, wéi vill déi aner Säit? Dat kascht de Lëtzebuerger Stad duerno Suen. Well à Priori gi mir der méi ewech, wéi mer der herno erakréien. Well et gi wéineg Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen an da Grenzgänger sinn a Frankräich, der Belsch oder Däitschland."

Esouwuel d'Salariéë wéi och d'Patronat géife sech méi Kloerheet bei der Reegelung fir den Télétravail wënschen, esou nach de President vum Patronatsdaachverband. Op EU-Niveau missten dofir fir d'Sécurité sociale Léisunge fonnt ginn.

D'Steierreegele gi bilateral mat den Nopeschlänner definéiert. Däitsch Frontalieren dierfen den Ament just 19 Deeg Télétravail maachen ouni an Däitschland besteiert ze ginn, d'Belsch dierfe bis zu 34 Deeg maachen an d'Fransousen 29.