Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Partiell Quarantän an der Schoul

Enseignement

Partiell Quarantän an der Schoul

Enseignanten oder Schüler, déi mat engem isoléierte Covid-19-Fall a Kontakt waren, ënnerleie just enger partieller Quarantän. Si kënne weider an d'Schoul goen, wa si eng Mask undinn. Dat sot de Moien den Educatiounsminister Claude Meisch an der zoustänneger Chamberkommissioun. Vun der Oppositioun gëtt et heifir schaarf Kritik. Op Facebook hat een Enseignant sech doriwwer erstaunt gewisen, datt hien zwar a Quarantän wier an dach kéint Schoul halen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Carole Schimmer lauschterenplay_arrow


Esou eng Ausnam gouf zesumme mat der Direktioun vun der Santé ausgemaach, seet den Educatiounsminister Claude Meisch. Ass e Kand oder en Enseignant selwer positiv, gëllt fir déi Persoun d'Isolatioun.

Et géif net zu enger Quarantän iwwer de ganzen Dag kommen, mee d'Enseignantë kéinte weider an d'Schoul goen. "Ech si frou, datt mer dat esou hikritt hunn, well soss wier de Schoulbetrib däitlech méi perturbéiert", esou de Claude Meisch.

Schaarf Kritik vun der Oppositioun

De Sven Clement ass méi wéi skeptesch iwwer déi Erklärungen. Hien hätt "seelen esou ee Kabes héieren", esou den Deputéierte vun der Piratepartei. Net zefridden iwwer déi Explikatiounen war d'CSV-Fraktiounspresidentin Martine Hansen, si kéint déi Krittär "beim beschte Wëllen" net verstoen, dat wier "absolutte Quatsch". Fir d'Martine Hansen stellt sech d'Fro, ob all Independant esou eng Ausnam kéint ufroen.

D'CSV huet eng urgent Question parlementaire eragereecht, an där si d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert fir Detailer freet, ënner anerem, a wéi ville Fäll Enseignanten an eng partiell Quarantän gesat gi sinn a fir wéi eng Beruffer nach Ausname gëllen.

déi gréng: d'Ausbildung vu Schüler net a Fro stellen

Datt dee concernéierten Enseignant an e puer Klasse Schoul hält, war dem Claude Meisch net bekannt, mengt d'Josée Lorsché vun déi gréng. Et wier "schwiereg ze verstoen", wisou deen Enseignant an e puer Klasse Schoul hält. Dat wier och net d'Zil vum Educatiounsminister gewiescht.

D'Josée Lorsché ass och der Meenung, datt een am Fall vun engem Enseignant eng partiell Quarantän kann accordéieren, well ee soss d'Ausbildung vun de Schüler nach eemol a Fro stellt.