Engem Gesetzprojet no soll de Congé fir Pappen no der Gebuert vun hirem Kand vun zwee op fënnef Deeg an d'Luucht gesat ginn. Den Aarbechtsminister Nicolas Schmit hat géigeniwwer dem 100,7 gesot, hie géing et gutt fannen, wann dee Spezialcongé op zéng Deeg gehéicht géif ginn.
D'Familljeministerin Corinne Cahen ass zu dësem Zäitpunkt net dofir. Dem Tom Oberweis no hätt d'Handwierkerkammer nach keng definitiv Positioun dozou.
Universitairen: kreatiivt Potenzial am Handwierk
Et wäre méi Jonker wéi an der Vergaangenheet um Handwierk interesséiert. D'Promotioun vum Secteur géing éischt Friichten droen. Vill Leit, déi d'Universitéit gemaach hunn, wären dem President vun Handwierkerkammer no, och drun interesséiert, fir sech ëmzeschoulen. Si géingen am Handwierk méi perséinlech Entwécklungsméiglechkeeten a Geleeënheete gesinn, fir kreativ ze schaffen.
"Et ass eis Roll fir déi Leit, déi vill Studie gemaach hunn a gutt sinn, och an d'Handwierk eranzekréien". Den Tom Oberweis proposéiert eng Fachhéichschoul fir Handwierk - nieft dem 'Brevet de maîtrise' an de Kompetenzzentere fir d'Handwierk. D'Chambre des métiers vertrëtt 6.900 Handwierksbetriber.