Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Panzerliwwerungen: Moderaten Drock op Däitschland an der EU

KRICH AN DER UKRAIN

Panzerliwwerungen: Moderaten Drock op Däitschland an der EU

Zanter Woche gëtt deelweis hefteg doriwwer diskutéiert, ob Däitschland Panzeren vum Typ Leopard un d'Ukrain soll liwweren. Et gëtt Kritik um däitsche Kanzler, deen zéckt, kloer Positioun ze bezéien.

auto_stories

3 min

De Jean Asselborn um EU-Ausseministerconseil. Foto: EU / François Lenois

Den Drock kënnt wéi sou dacks an de leschte Méint am däitlechsten aus deene Länner, déi am nooste bei Russland leien.

Angscht virun de Suitte vun enger russescher Defaite

Fir de litaueschen Ausseminister Gabrielius Landsbergis geet et virun allem drëms, d'Angscht virun enger russescher Defaite ze iwwerwannen.

"Wa mer iwwer zousätzlech Sanktiounen oder militäresch Hëllef fir d'Ukrain diskutéieren, ass et virum allem d'Angscht, déi eis drun hënnert, virun ze kommen. D'Angscht virdrun, wat effektiv geschitt, wa Russland de Krich verléiert."

Et misst ee sech awer op dee Fall preparéieren, am anere Fall géif een et mat der Ënnerstëtzung fir d'Ukrain net seriö mengen, sou de konservative Politiker.

Och fir den esteschen Ausseminister Urmas Reinsalu geet et drëm, anescht drop ze kucken:

"Déi Approche, esou vill Waffen ze liwweren, fir ze verhënneren, datt d'Ukrain verléiert, ass net relevant. Mir mussen an eng ukrainesch Victoire investéieren."

Doriwwer, datt Däitschland, vu d'Gréisst vum Land, hei eng besonnesch Responsabilitéit huet, si sech der vill eens.

Däitschland huet besonnesch Responsabilitéit

"Frankräich huet net d'Waffen zur Verfügung, déi d'Ukrain elo brauch", constatéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

"Et ass nun emol esou, datt déi Däitsch 2.000 Leopard Panzeren huet. An der Ukrain gëtt eng Flott vun 300 Panzere gebraucht. Dat sinn der vill an et geet net, wann ee 50 där enger a 50 vun aneren huet, dat muss synchron funktionéieren, wat d'Munitioun ugeet."

Seng däitsch Homolog ass der Fro iwwerdeems aus dem Wee gaangen. D'Annalena Baerbock stellt just fest, datt Russland u sengem Plang d'Ukrain ze vernichten, festhält:

"Deswegen ist es so wichtig, dass wir als internationale Gemeinschaft alles dafür tun, die Ukraine zu verteidigen."

Frankräich hält sech zeréck

Den däitsch-franséische Motor ass an dëser Fro nach net esou richteg op Toure komm. Déi franséisch Ausseministerin hält sech éischter zréck. All d'Optioune wieren op, sou Catherine Colonna:

"Après une décision, qui a consisté à proposer d'ores et déjà un certain nombre de chars légers du côté francais, la suite se fera en concertation entre alliés en examinant quelles sont les besoins, les réponses à apporter".

Asselborn: Keng einfach Decisioun

Et misst engem kloer sinn, datt wann d'Ukrain sech net wiere kann, de Wladimir Putin dee Krich gewënnt an hien dann net ophale wäert, ma aner Länner ronderëm un d'Rei kommen, sot och nach de Jean Asselborn. Hie weist awer an engems Versteesdemech dofir, datt de Kanzler Olaf Scholz zéckt, déi Panzeren ze liwweren.

"Dat sinn däitsch Panzeren, déi géint Russland stinn. Dat ass net wéi wann ee géif Gromperen an d'Ukrain schécken, et ass schonn eppes, wat extrem grav ass, mat grousse Konsequenzen. Wann hien et net mécht, steet e virun der Responsabilitéit, dat dat géif vill Mënscheliewe kaschten. Et ass also eng Decisioun, déi net einfach ass."

De Ball läit an där Fro weider am däitsche Feld, och wann hei zu Bréissel och gëscht nees vu ville Säiten eng europäesch Äntwert gefuerdert gouf.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.