Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - Dilemma At Symmetric Dusk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Paiement immédiat direct vs Tiers payant généralisé

Dokteschrechnungen

Paiement immédiat direct vs Tiers payant généralisé

De "Paiement immédiat direct" gouf virun zwou Wochen annoncéiert, fir datt d'Patiente bei den Dokteschrechnunge just nach hir Participatioun musse bezuelen, net déi vun der CNS. Den "PID" wier fir d'Patienten dat nämmlecht, wéi den Tiers payant généralisé, esou d'Verspriechen, vun der CNS a virun allem den Dokteren. D'Patientevertriedung ass dovun net iwwerzeegt. An wann et dat nämmlecht ass, wéi kënnt et dann datt d'Dokteren elo d'accord sinn? Schliisslech waren se géint den Tiers payant généralisé, dee bei der Petitioun 2017 iwwer 7000 Ënnerschrëfte kritt hat, an d'LSAP bei de Walen 2018 versprach hat, Stuerm gelaf sinn? D'Michèle Sinner ass deene Froen nogaangen.

auto_stories

4 min

"Etikettenschwindel" huet de President vun der Patientevertriedung, de René Pizzaferri de Paiement immédiat direct genannt, wéi d'CNS mat den Dokteren déi virrecht Woch den entspriechenden Avenant ënnerschriwwen huet.

D'Oplëschtung vun de Käschten

Well een doduerch ewech vum Tiers payant généralisé kéim, dee mol ugekënnegt gi war. Woubäi d'DP, och duerch liberal Dokteren an der Chamber vertrueden, schonn an der Koalitiounsverhandlungen, dofir gesuergt hat, datt am Koalitiounsaccord just vun engem "système de paiement électronique" riets goung, deen e "remboursement immédiat" vun den Assuréeë géif erlaben.

Mee d'Patientevertriedung ass skeptesch vis-à-vis vum PID, well, esou de Réné Pizzaferri, d'Patienten op der Rechnung, déi se kréichen, keen Detail géifen gesinn: "D'Kees rembourséiert awer d'Differenz, déi zu ärer Charge bleift, déi ass net opgedeelt. Do steet net, dat do ass en Deel Participation statutaire an dat doten ass eng Convenance personelle, déi ären Dokter iech verrechent huet."

D'Convenance personelle, d'Code vu CP1 bis CP8, ënner deenen d'Dokteren an hiren Honorairë kënnen extra verrechnen, wann de Patient fir d'Consultatioun e Rendezvous gefrot huet, respektiv ënner deenen net-rembourséiert Zännbehandlungen ofgerechent ginn, sinn der Patientevertriedung scho laang en Dar am An. Si ass der Meenung, d'Doktere géifen alt ze vill an ongerechtfäerdegt Convenance personelle verrechnen. Zum Beispill Dokteren, bei déi een ouni Rendezvous guer net ka goen, mee déi awer CP1 opschreiwen.

Mee och op dem Mémoire d'honoraire, deen d'Patiente beim PID sollen elektronesch kréien, géif den Detail drop stoen, assuréiert den Christian Oberlé, President vun der CNS:

"Code pro Code, dat do an dat do huet den Dokter gemaach an deen doten Deel ass vum Patient ze iwwerhuelen an deen doten Deel gëtt vun der Assurance iwwerholl."

Datt de Patienten déi Convenance personelle vill méi géif opfalen, an och virun allem datt d'CNS esou Honorairë warscheinlech refuséiert hätt, wier eng vun den Ursaache gewiescht, firwat d'Dokter- an Zänndokter-Associatioun AMMD virun dräi Joer esou Stuerm géint den Tiers Payant généralisé gelaf wier, gouf der AMMD vu muncher Säit ënnerstallt. Well an deem Cas de figure, jo d'CNS d'Honorairë kritt a bezuelt hätt. Datt ass beim PID net wierklech de Fall.

Doktere kréien hir Honorairen direkt op de Kont

De Christian Oberlé kontert, et géif weiderhin eng Relatioun tëscht Dokter a Patient - dee säin Averständnis gëtt par Rapport zu engem Mémoire d'honoraires - ginn. Doriwwer eraus:

"Et ass och net eng CNS, déi fir iergendeen anere Grond zum Beispill kéint soen, ech wëll awer lo net, datt dat doten un den Dokter bezuelt gëtt. Well an deem Circuit si mir komplett baussen, sou wéi mer och elo net an deem Circuit mat dra sinn. (...) Et ass déi Approche do, déi mat sech bruecht huet, datt d'Dokteren sech konnte mat deem Prozess do averstanen erklären."

E weidere groussen Ënnerscheed par Rapport zum Tiers payant généralisé ass: D'Doktere kréien hir Honorairen direkt op de Kont, amplaz datt se bei der CNS de Paiement ufroen an da vläicht waarde mussen, esou wéi elo d'Patienten.

Dat wier awer net ausschlaggebend betount den Alain Schmit, de President vun der AMMD. Dëse System wier fräiwëlleg an net generaliséiert a géif dofir méi eng grouss Garantie fir d'Therapiefräiheet bidden:

"De généralisé ass de Super-GAU, dat ass déi super ultime Waff souzesoe vun enger CNS, fir d'Medezin ze orientéieren, sou wéi si mengt, datt et wier. An gleeft mer es: Eng CNS ass wäit, wäit, wäit ewech vun de Besoine vun de Leit. Ganz wäit. "

Als Beispill dofir, datt d'CNS esou dirigistesch Tendenzen hätt, nennt hien d'Ännerunge beim Remboursement bei de Bluttanalysen, déi d'CNS Uganks 2018 decidéiert hat - matten an der Debatt ëm den Tiers payant.

Datt d'CNS also guer keen Tiers payant gebraucht huet fir dëse Genre Decisiounen, doriwwer wat se wéi rembourséiert an dat och mam PID ka maachen, muss och den Alain Schmit agesinn:

"Am Globalen hutt der Recht, dat kéinten se och ouni Tiers payant, a mir si jo all ofhängeg dovun an do ännert och dee PID net alles."

Mee wat de PID par Rapport zum Tiers payant généralisé ännert, ass datt d'Dokteren direkt duerch de Patient hir Honorairë bezuelt kréien, wa se Traitementer maachen oder verschreiwen, déi net vun der CNS rembourséiert sinn.