Radioen

On air

Notturno  |  Mega Bog - Love Is Feat. Westerman

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat proposéieren déi Lénk an d'DP fir de Logement?

Chamberwahlen 2018

Wat proposéieren déi Lénk an d'DP fir de Logement?

Anescht wéi am Regierungsprogramm virgesinn ass d'Grondsteier an dëser Legislatur net reforméiert ginn. De Logementsminister Marc Hansen schwätzt vun enger komplexer Matière. Senger Meenung no wäert et wesentlech méi einfach goen, wa bis d'PAGen an all de Gemengen adaptéiert an d'Terraine jee no Affektatioun ausgewise sinn. Allgemeng misst nach dru geschafft ginn, fir de Retard bei bezuelbare Wunnengen hei am Land opzehuelen, sou de Marc Hansen. De Gary Diderich (déi Lénk) fuerdert eng Taxéierung op Terrainen.

auto_stories

3 min

Gary Diderich (Déi Lénk) a Marc Hansen (DP)

D'Regierung hätt awer scho villes an d'Weeër geleet, ënner anerem grouss Wunnengsbauprojeten zu Olm an zu Wolz. Fir de Gary Diderich, Kandidat vun déi Lénk am Süden, wieren ënner dëser Regierung Saache geschitt, déi virdru verschleeft gi wieren. Dat géif awer net duergoen. D'Oppositiounspartei proposéiert ënner anerem d'Schafe vun enger ëffentlecher Immobilien-Agence.

Dës Agence géif dann "ganz offensiv" mat de Leit kucken, wéi Wunnengen, déi eidel stinn, mobiliséiert gi kënnen, seet de Gary Diderich. Et sollt ee sech och iwwerleeën, wéi een an eng Renovatioun investéiere kéint an deen Investissement dann nees iwwer de Loyer kéint erakréien. "Heiansdo hunn d'Proprietäre ganz einfach Angscht, datt dat schif geet, a si wësse sech net unzeleeën. An do muss een och déi kleng Proprietären anstänneg ënnerstëtzen. Déi ëffentlech Immobilien-Agence soll och dozou déngen."

Hansen: Tax net wierksam

De Marc Hansen gesäit d'Méiglechkeet, datt Gemengen en Terrain taxéiere kéinten, skeptesch. Bis elo hätt just e Minimum vu Gemengen dat gemaach. "Et sinn aacht Gemengen, déi dat ënner iergendenger Form gemaach hunn, déi dann och eng Tax dropleeë vu 500 Euro, op een Terrain, deen eidel steet. Also mat all Respekt fir déi dote Mesuren, déi hunn net gegraff. Dowéinst geet net ee säin Terrain verkafen. Wa mir an der Situatioun sinn, datt een Terrain relativ vill wäert ass, a komm mir soen, et wier nach e bësse méi e groussen Terrain, dee géif dann och 150.000 oder méi Euro kaschten an da frot der deem 500 Euro d'Joer. Ech mengen net, datt dat fir de Proprietär e Punkt ass, fir den Terrain ze mobiliséieren", sou de Marc Hansen.

Diderich: Juristesch Onkloerheet klären an eng national geregelt Tax op Terrainen

"Mir wëssen awer och, firwat net vill Gemengen dat maachen, well se mengen, datt dat juristesch onkloer ass", äntwert dorop de Gary Diderich. De Staat misst dat national regelen, fir datt kloer ass, firwat se kéint benotzt ginn. "Zanter ech am Gemengerot zu Déifferdeng sinn, schwätze mir doriwwer an dat ass ëmmer dee selwechte Grond, an do ass et um Staat, fir seng Responsabilitéit ze huelen."

Am Gespréich huet de Gary Diderich eng Gesetzespropositioun vun déi Lénk iwwer de Loyersvertrag ugeschwat. Ënner anerem geet et do ëm d'Limitatioun vun der Kommissioun, déi de Locataire muss bezuelen. De Logementsminister Marc Hansen huet behaapt, de Staatsrot hätt a sengem Avis mat enger "opposition formelle" op dee Punkt reagéiert. Tatsächlech huet de Staatsrot just eng "opposition formelle" ugedreet, sollt dee Punkt vun der Gesetzespropositioun net präziséiert ginn.