Am neien Escher PAG géif e sozialpoliteschen Deel feelen, esou d'Conseillère a fréier Buergermeeschterin Vera Spautz (LSAP). Alternativ Wunnforme an der Unis-Stad an europäescher Kulturhaaptstad 2022 géife mam neie PAG onméiglech gemaach ginn.
"Si ginn onméiglech gemaach fir Studenten, si ginn onméiglech gemaach fir privat WGen, déi et scho ginn a wou Leit wëllen zesumme wunne goen, fir datt se net déi héich Präisser um Wunnengsmaart musse bezuelen."
Och fir Refugiéë géifen d'Dieren zougemaach ginn.
Sträitpunkt Colocatiounen
Och d'Vertrieder vun déi Lénk hunn déi nei Reegelen zu Esch kritiséiert a si hu virun de Konsequenzen dovu gewarnt. De PAG wier net dofir geduecht, d'Zesummeliewen ze reegelen, esou d'Conseillère Line Wies.
Eng oppe Stad dierft keng restriktiv Bautepolitik maachen, huet den onofhängege Conseiller Dan Codello gewarnt. D'Gemengen Diddeleng an Déifferdeng géife vun dëser restriktiver Politik profitéieren.
D'Vertrieder vun der Majoritéit am Escher Gemengerot hunn den neie PAG an d'Bestëmmunge fir Colocatioune verdeedegt. An de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) huet gesot, hien hätt a leschter Zäit 50 Colocatioune fir 250 Leit geneemegt.