P. Schrantz: Net alles schlecht bei der Police

20150305-schrantz-1005026-1024x682.jpg

Och wann hien de Corps wéilt reforméieren, wär am Moment net alles schlecht bei der lëtzebuerger Police. Dat sot de Moien de neie Generaldirekter vun der Police, Philippe Schrantz, Invité vum Dag hei um 100,7. Et misst een intern an extern Auditen ofwaarde fir ze wësse wou genau misst ëmstrukturéiert ginn. D’Iddee fir d’Police judiciaire an Zukunft direkt dem Parquet z’ënnerstelle gesäit de neie Generaldirekter méi skeptesch. An engem klenge Land misst een sech iwwerleeën ob et Sënn mécht nees zwee separat Corpsen ze hunn. D’Gewaltentrennung an de Flux vun Informatioune kéinten dorënner leiden. De Fait dass weiderhi vill potentiell Rekrutten d’Formatioun vun zwee Joer ofbrieche misst serieux analyséiert ginn, esou de Phillippe Schrantz. Dramatesch wär dëse Problem beim Recrutement awer nach net.

De ganzen Interview mam Philippe Schrantz um Mikro vum Gilles Wünsch:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen