Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouverture fir Fraen an der Lëtzebuerger Kierch

Riicht Eraus mam Jean-Claude Hollerich

Ouverture fir Fraen an der Lëtzebuerger Kierch

De Lëtzebuerger Äerzbëschof wënscht sech eegenen Aussoen no méi Fraen op Entscheedungsposten an der Kathoulescher Kierch. Den Ament wier d'Kierch esou opgestallt, datt d'Frae sech net onbedéngt wuel spieren, esou de Jean-Claude Hollerich.

auto_stories

4 min

An der Emissioun Riicht eraus huet hie fir en Ëmdenke plädéiert. Eng Quot oder e chiffréiert Zil fir Fraen a Féierungspositiounen zu Lëtzebuerg hält de Jean-Claude Hollerich awer fir net realistesch.

"Wa mir elo eng Plaz ubidden, ass dat eng Plaz mat enger Pai, déi net immens grouss ass, an da si mir frou, wann iwwerhaapt ee sech mellt. "

Bis ewell huet de Poopst ausgeschloss d'Fraen zur Priisterwei zouzeloossen. D'Fro, déi ee sech hei misst stelle wier, ob dat aus Necessitéit oder wéinst kulturellen Argumenter wier, erkläert de Jean-Claude Hollerich. Weider huet den Äerzbëschof kritiséiert, datt d'Weiamt zanter enger Zäit zu enger Muecht gi wier.

"D'Wei ass u sech en Dienstamt, an dat Dienstamt ass zu enger Muecht ginn. Dat nennt ee Klerikalismus. A mir mussen dat nees op en Dienstamt zeréckféieren. Dat geschitt just am Dialog."

Méi participativ Strukture wënscht den Äerzbëschof sech an Zukunft och am Bistum. Zum Beispill mat enger neier Lëtzebuerger Synod oder eventuell mat engem neie Katholikerot. "E Bëschof oder e Paschtouer ass net do fir säin Déngens ze imposéieren, dat wier jo eng diktatoresch Haltung", seet hien.

Evangelium méi radikal ausliewen

Déi strukturell Reformen zu Lëtzebuerg misste sech elo awer mol sëtzen. Déi richteg Erneierung géif dann aus dem Ënnere vun der Kierch entstoen. Déi misste mat Liewe gefëllt ginn. Den Äerzbëschof ass sech bewosst, datt eng Rei Kierchen an Zukunft mussen zoumaachen. D'Kierch zu Lëtzebuerg wier am Wandel. D'Vollekskierch géif et am deem Sënn net méi ginn. Elo wier et eng Kierch, wou ee sech misst decidéiere fir dran ze goen. D'Evangelium misst méi radikal ausgelieft ginn.

Déi grouss Diversitéit zu Lëtzebuerg géif fir eng lieweg Kierch suergen a wier awer och mat Erausfuerderunge verbonnen. Dat selwecht gëllt fir d'Paschtéier. Den Ament gi fënnef auslännesch an zwee Lëtzebuerger Seminaristen an zwee verschiddene Seminären ausgebilt. Zu Lëtzebuerg schaffe Paschtéier aus verschiddene Communautéiten aus der ganzer Welt. Déi, déi sech net upasse kéinten, kéinten net hei schaffen, esou de Jean-Claude Hollerich.

Ännerung vum Liewensstil

Virop fir déi Jonk misst vill méi gemaach ginn. An et misst hinne méi nogelauschtert ginn. "Well soss si mir eng Kierch, déi komplizéiert Äntwerte gëtt op Froen, déi kee Mënsch sech stellt". D'Kierch misst hire Liewensstil änneren. Virun allem och am Kader vum Klimawandel. Datt dat net sou einfach wier, géif de Bëschof bei sech selwer mierken. "Ech muss mech änneren, soss sinn ech jo net plausibel fir déi Jonk". De Jean-Claude Hollerich huet explizit begréisst, wéi déi Jonk sech fir de Klima asetzen, zum Beispill mat der Initiativ Friday for future: "Ech hunn dat elo net an der Ëffentlechkeet gesot, well ech net erschénge wëll wéi een, deen dat wollt fir sech accaparéieren".

Wat d'Roll vun der Kierch am Kader vun den Affäre ronderëm de sexuelle Mëssbrauch ugeet, misst d'Kathoulesch Kierch elo eng Virreiderroll an der Preventioun spillen, esou de Jean-Claude Hollerich. Zu Lëtzebuerg géif all Affär bei der Justiz gemellt ginn. Den Äerzbëschof erënnert drun, datt alleguerten d'Fäll, déi hei am Land gemellt goufen, wäit an der Vergaangenheet geleeën hätten. D'Leit dierften elo kee Generalverdacht maachen. D'Majoritéit vun de Paschtéier hätte kee Mëssbrauch gemaach.

An de leschte Jore wier de Sträit bannen der Kierch mam SYFEL (Daachverband vun de Kierchefabricken) gewiescht, deen dem Äerzbëschof am meeschten ausgemaach hätt: "Bësse méi Harmonie géif der Lëtzebuerger Gesellschaft gutt dinn".

Trotzdem bereit de Jean-Claude Hollerich net, datt hien, nodeems en 23 Joer a Japan gelieft huet, op Lëtzebuerg komm ass fir hei Äerzbëschof ze ginn: "Wann zwou gutt Méiglechkeeten do sinn, da wielen ech déi schwéierst". Dëse Saz vum Ignace de Loyola hätt hien inspiréiert.