Radioen

On air

De Moien  |  Bruce Springsteen - Atlantic City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Beachbubbles, mee mat gesondem Mënscheverstand

Tourismus op der Belscher Plage

Ouni Beachbubbles, mee mat gesondem Mënscheverstand

An der Belsch fänkt haut déi 3. Phas vum Deconfinement un. Den Horesca-Secteur dierf nees ufänke mat schaffen, kulturell a Sportsevenementer dierfen, ouni Publikum, nees ofgehale ginn. Vum nächste Méindeg u sinn och nees d'Grenze vum Land komplett op, och fir den Tourismus. D'Lëtzebuerger fuere gären an dacks op d'Belsch Côte. Eng vun de beléiftste Plazen ass Knokke. D'Gemeng preparéiert sech den Ament op eng ganz ongewéinlech Touristesaison.

auto_stories

2 min

D'Gemeng Knokke war déi éischt an der Belsch, déi den 12. Mäerz de Lockdown annoncéiert hat. De Buergermeeschter Leopold Lippens hat Enn Mäerz an engem Interview betount, datt dëst Joer keng Touriste sollten op Knokke kommen, an och d'Proprietäre vun Zweet-Residenzen wieren net wëllkomm. Déi Aussoe wiere gemaach ginn, well een zu deem Zäitpunkt nach guer net gewosst hätt, wéi d'Situatioun sech géif entwéckelen. A well d'Populatioun zu Knokke eng relativ al wier, hätt een immens Angscht gehat ëm hir Gesondheet, erkläert de chrëschtdemokratesche Schäffe fir Tourismus a Plage, Anthony Wittesaele.

Déi "seconds résidents" wieren e wichtege Bestanddeel vun hirer Communautéit, mee och vun der lokaler Wirtschaft. Dofir wier et immens wichteg, datt dës de Wee nees an d'Regioun fannen.

E Monitoring-System fir d'Situatioun ze geréieren

D'Bewunner vun den Zweet-Residenzen hätten hir eege sanitär Infrastrukturen, dofir géifen si bei der Ausbreedung vum neie Coronavirus och keng esou eng kritesch Roll spillen, wéi beispillsweis déi Touristen, déi sech nëmmen een oder e puer Deeg op der Belscher Küst géifen ophalen an déi awer all Dag zu Honnerten an Dausende géifen an der Regioun zirkuléieren.

Et misst ee probéieren d'Situatioun mat engem Monitoring-System ze geréieren. Wa riskéieren ze vill Leit op d'Côte ze kommen, da misst een dorop reagéieren. Et wéilt een net dat neit Tirol ginn.

D'Leit ginn zousätzlech sensibiliséiert

Op de Plagen zu Knokke goufen déi sougenannte Cabriokabinnen, oder Beachbubbles probéiert, wéi ee se och soss an Europa konnt gesinn. Dat sinn encadréiert Beräicher, an deene sech kéinte Gruppe vu Leit ophalen, ouni anere Visiteuren op der Plage ze no ze kommen. Déi wieren awer net zeréckbehale ginn. Et wier och iwwer e Reservatiounssystem nogeduecht ginn. Aneschters wéi beispillsweis zu Blankenberg oder Ostende, wier dat op der zwielef Kilometer laanger Plage vu Knokke allerdéngs net dringend noutwendeg, mengt den Anthony Wittesaele.

Fir d'Leit ze sensibiliséieren, géif och en Team aus jonke Leit op der Plage an an der Stad zirkuléieren, fir d'Leit drun ze erënneren, d'Sécherheetsmesuren anzehalen a Froen ze beäntwerten, esou nach den Anthony Wittesaele.