Radioen

On air

Kultur um 5  |  Ausbléck op den TalentLab 2024

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Orchestra Etüd beleet Antikierper no Covid-Impfung

Prof. Rejko Krüger

Orchestra Etüd beleet Antikierper no Covid-Impfung

Bei 99 Prozent vun de Persounen, déi sech géint Covid-19 impfe gelooss hunn, konnt een Antikierper noweisen, esou déi europäesch Etüd Orchestra un där den LIH, de Luxembourg Institute of Health, participéiert.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow

No der Etüd Convince, gouf d'Orchestra-Fuerschungsmissioun zesumme mat aneren europäeschen Instituter lancéiert, dat fir d'Evolutioun vun de Covid-19-Infektiounen ënner d'Lupp ze huelen.

Fir un dëser neier Etüd deelzehuelen, huet ee missen bei der Convince-Etüd matgemaach hunn. Am Ganzen hunn eng 1.200 Persoune bis zum Schluss matgemaach, präziséiert de Professer Rejko Krüger vum Luxembourg Institute of Health. Hien ass zoustänneg fir d'Etüd Orchestra zu Lëtzebuerg.

Éischt Resultater aus der Orchestra Etüd weisen Effizienz vun Impfung

Eng grouss Majoritéit vun de Leit, déi bei der Etüd matgemaach hunn, an déi geimpft sinn hunn Antikierper entwéckelt, erkläert de Professer:

"99 Prozent vun de Leit, déi bei der Studie matgemaach hunn, an déi geimpft sinn, hunn och Antikierper. Mir gesinn och den Ënnerscheed tëscht den Antikierper, déi Leit wéinst enger Impfung entwéckelt hunn an déi déi sech mam Virus infizéiert hunn."

An den Daten géif ee gesinn, datt ronn 10 Prozent vun de Participanten a Kontakt koume mam Virus. Interessant wier awer, sou de Rejko Krueger, "datt just d'Hallschent dovunner uginn hunn, datt se och scho positiv getest goufen". Déi Leit hätten net gemierkt, datt se sech infizéiert haten, an domat och d'Infektiounen weider verbreet hunn.

Parkinsonpatiente ginn zu Lëtzebuerg ënner d'Lupp geholl

Nei an der Orchestra-Etüd ass, datt ee geziilte Gruppen och mat integréiert, betount de Professer Rejko Krueger:

"Am Kader vun där europäescher Studie ginn och Mënschen ënner d'Lupp geholl, déi méiglecherweis op de Virus méi empfindlech si wéinst aner Krankheeten. An do ass Lëtzebuerg um internationale Plang net nëmmen duerch d'Convince Etüd méi bekannt ginn, mee och wéinst der spezifescher Parkinson Etüd, déi mer zanter 2015 zu Lëtzebuerg féieren."

Sou datt ee sech an der Orchestra-Etüd och spezifesch mat Mënsche befaasst, déi ënner Parkinson leiden.

Etüd soll bäi zukünftege Covidvarianten hëllefen

Et géif mat Orchestra drëm goen ee geneet Bild vun der Pandemie ze kréien, fir drop virbereet ze sinn, wann et an Zukunft nei Variante vum Virus gëtt, erkläert de Professer Rejko Krüger:

"Mir wëssen datt et tëscht de Länner Ënnerscheeder gëtt, grad ewéi tëscht de verschiddene Bevëlkerungsgruppen a mir wëllen eben dozou bäidroe fir eng Rei Mënschen mat spezifesche Krankheeten ënnert d'Lupp ze huelen. (...) Do gëtt analyséiert ob déi Läit eventuell méi eng héich Sensibilitéit hunn oder souguer ee bessere Schutz. Dat musse mer wësse wann een an Zukunft mat neie Vire konfrontéiert ass."