Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der Tourismus-Saison zu Lëtzebuerg

Previsiounen fir 2022

Optakt vun der Tourismus-Saison zu Lëtzebuerg

D'Agence "Luxembourg for Tourism" schätzt, datt et eng gutt Saison gëtt, et wéisst een allerdéngs nach net genee wéi een Effekt den Ukrain-Krich op d'Tourismusbranche zu Lëtzebuerg huet.

auto_stories

2 min

D'Online-Recherchen no Lëtzebuerg an d'Buchunge vu Flich wieren zanter dem Ufank vum Joer geklommen, esou den CEO vu Luxembourg for Tourism, de Sebastian Reddeker.

Outdoor-Trend bleift weider bestoen

Elo kuerz virun Ouschtere wieren déi Zuelen nach emol däitlech eropgaangen, haaptsächlech am Fräizäittourismus, awer och am Geschäftstourismus. Besonnesch däitsch Touriste géif et op Lëtzebuerg zéien.

Déi grouss Offer u qualitativen an international unerkannte Wanderweeër dréit zur Attraktivitéit vu Lëtzebuerg als Reesdestinatioun bäi an net ze vergiessen, d'Lëtzebuerger Campingen. Hei kéint een e richtege Camping- an Outdoortrend erkennen, seet de Sebastian Reddeker.

"Campinger sinn extrem gutt gebucht, do leie mer 50 Prozent an den éischten dräi Méint iwwer dem Niveau vun 2021."

D'Hotellerie huet sech nach net grad esou gutt vun der Coronakris erholl, wann een d'Zuele vun dësem Joer bis elo mat den Zuele vun 2019 vergläicht.

"Wat am Moment nach relativ onkloer ass, ass den Effekt vum Ukrain-Krich , souwuel den direkten Effekt wéi och de sekundären Effekt, spriech wat huet dat fir eng wirtschaftlech Konsequenz, fir jiddereen an natierlech och fir de Portemonnaie."

Wann d'Energiepräisser a Spritpräisser doduerch weider klammen, da kéint dat en duebelen Effekt op de Lëtzebuerger Tourismussecteur hunn, sou de Sebastian Reddeker. Engersäits kéint et e Virdeel si well d'Leit sech méi no Reesziler sichen, wou se manner wäit fuere missten, et kéint awer och e negativen Impakt hunn, well d'Leit eventuell hir Unzuel u Kuerztrips géinge reduzéieren. Lëtzebuerg wier ganz oft zweet oder drëtt Reeszil an net d'Haaptdestinatioun.

Nei Clientèle duerch d'Kulturjoer

E weidere wichtege Faktor fir Lëtzebuerg als Reesdestinatioun wier dëst Joer och d'europäesch Kulturhaaptstad Esch.

"Esch2022 ass schonn e grousse Projet zu Lëtzebuerg. Vill Manifestatioune wäerten och eng nei Clientèle heihinner bréngen (...) Lo geet et dorëms ze kucken datt a Konsequenz einfach permanent do entspriechend kommunizéiert gëtt (...) fir de Leit den Incentive gi fir och a Süden déi entspriechend Manifestatiounen ze besichen."

Fir Lëtzebuerg als Reesdestinatioun nach besser ze promouvéieren, gouf och déi digital Offer verbessert mat enger neier App an engem aktualiséieren Internetsite.