Radioen

On air

Notturno  |  Holy Hive - Oh I Miss Her So

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der Fussball-Europameeschterschaft

Um Freideg

Optakt vun der Fussball-Europameeschterschaft

Mat engem Joer Verspéidung fänkt dëse Freideg zu Roum d'Fussball-Europameeschterschaft un. 24 Ekippe spille vum 11. Juni bis den 11. Juli queesch duerch Europa.

auto_stories

3 min

Fir de 60. Anniversaire vun der Kompetitioun hat d'UEFA decidéiert d'EM an 13 verschiddene Stied ze organiséieren. Datt d'Stad Grimbergen, nërdlech vu Bréissel, schonn Enn 2017 ofgesprongen ass, nodeems d'Delaie beim Bau vun engem neie Stadion net konnten agehale ginn, gouf vun den Organisateure just als e klenge Réckschlag ugesinn. Déi véier Matcher, déi do sollte gespillt ginn, goufen einfach op London transferéiert. Alles kee Problem.

Mee wéi e puer Méint virum Optakt d'Corona-Pandemie ausgebrach ass, war d'Konzept fir an zwielef verschiddene Länner ze spillen op eemol zum gréisste Problem ginn. E Verleeën op den nächste Summer war déi logesch Konsequenz. Déi zwielef Stied krute vun der UEFA den Optrag e Covid-gerechte Plang auszeschaffen, ënner deem Spectateuren an déi jeeweileg Stadione kéinten eragelooss ginn.

Et taascht ee sech u voll Kapazitéit erun

Zwee Stied, Bilbao an Dublin, hu matgedeelt, datt si bei sech keng esou Versammlung vu Fans wéilten hunn an hu sech zeréckgezunn. D'Matcher, déi an der irescher Haaptstad virgesi waren, ginn elo och zu London gespillt, déi vu Bilbao goufen op Sevilla geréckelt, wou déi lokal Autoritéiten näischt géint Fans an a ronderëm de Stadion hunn. Wien d'EM op der Tëlee kuckt, muss sech egal wéi awer op vill eidel Sëtzplazen astellen, eppes u wat sech d'Fussballfans am Laf vun der Pandemie allerdéngs gewinnt hunn.

Fir den Optakt vum Tournoi dëse Freide sinn an all Stadion just tëscht 25 an 33 Prozent vun der Gesamtcapacitéit zougelooss, Baku an Sankt-Péitersbuerg loosse 50 Prozent zou a Budapest als eenzeg Stad souguer 100 Prozent. Wien d'EM opp der Telé kuckt muss sech also op vill eidel Sëtzplazen astellen, eppes u wat sech d'Fussball-Fans am Laf vun der Pandemie allerdéngs gewinnt hunn. Déi meescht Stied, ausser München a Glasgow, hunn awer och annoncéiert, datt d'Zuel vun den erlabte Spectateuren am Laf vum Tournoi nach kéint eropgesat ginn. Et kéint also sinn, datt fir d'Final den 11. Juli zu London de Wembley Stadion quasi voll wäert sinn.

Frankräich ass de grousse Favorit

D'Euro 2020 wäert och déi éischt Fussball-EM ginn, bei där de Video-Arbitrage an den Asaz wäert kommen: viru 5 Joer a Frankräich war dat nach net de Fall.

Klore Favorit schéngt Frankräich ze sinn, där hir Ekipp zanter dem Weltmeeschter-Titel virun dräi Joer net nëmme bal guer net geännert huet, mee mam Retour vum Karim Benzema esouguer eng onerwaart extra Offensiv-Kraaft bäikritt huet. Allerdéngs ass Frankräich am sougenannten "Doudesgrupp", deem schwieregste Grupp also, zesumme mam Titelverdeedeger Portugal, Däitschland an Ungarn, déi zu Budapest op eegene Public ziele kënnen.

Mee och England an d'Belsch, déi zanter e puer Joer ëmmer méi staark ginn, kéinten e Wuert matschwätzen. Mat Finnland an Nord-Mazedonie sinn zwou Natioune fir d'éischte Kéier bei engem grousse Fussball-Tournoi dobäi.

Den Optaktmatch ass e Freideg um 21 Auer: Italien géint d'Tierkei am Stadio Olimpico zu Roum.