Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Onglécklech Krisekommunikatioun

Chronik

Onglécklech Krisekommunikatioun

D'Corona-Epidemie huet sech déi lescht Deeg zu Lëtzebuerg méi rasant verbreet, wéi nach virun enger Woch vun der Regierung ugeholl. De Regierungsrot diskutéiert eisen Informatiounen no de Moien iwwer nei Mesuren, de Mëtteg soll eng Pressekonferenz sinn. D'Experiment fir nei Restriktiounen duerch en Appell un d'Eegeverantwortung ze ersetzen ass no nëmmen enger Woch gescheitert, ënner anerem well d'Regierung sech net gutt ugeluecht huet, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

D'Kommunikatioun vun der Regierung huet net geklappt, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck. Foto: Archiv

An de leschten dräi Wochen ass den Taux d'incidence vun den Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner ëm 300 Prozent geklommen. D'Zuel vun den Hospitalisatiounen huet sech an de leschten zwou Woche verduebelt. Den Undeel vun de positiven Tester ass an der Wochemoyenne vun 1,3 op 3,3 Prozent geklommen. An och d'Altersmoyenne vun de Leit mat der Covid-19-Krankheet klëmmt.

D'Zuele weise kloer no uewen

D'Indicateure sinn nach net esou schlecht wéi a villen aneren europäesche Länner, mee den Trend no uewen ass eendeiteg. Mat Spideeler, déi wéi mer dat gëschter Moie gemellt hunn, geschwënn an déi drëtt Phas vum Kriseplang kommen an ufänke mussen aner medezinesch Agrëff ze deprogramméieren.

Datt een um Ufank vun enger Hausse net ëmmer weess, wéi et weidergeet ass normal. Grad dowéinst allerdéngs ass et geféierlech, wann d'Politik Kaffisazlieserei mécht am Plaz sech Stufemodeller ze ginn, déi an déi eng oder déi aner Richtung kënne séier applizéiert ginn, soubal verschidden Indicateuren ënner- oder iwwerschratt ginn.

De 26. September ass Lëtzebuerg vun Däitschland als Risikogebitt klasséiert ginn. Den Ausseminister Jean Asselborn huet am 100,7-Interview e bësse verbattert gemengt, wann déi däitsch Autoritéiten nach eng Woch gewaart hätten, wier Lëtzebuerg nees ënner dem Seuil vu 50 Neiinfektioune pro Woch a pro 100.000 Awunner.

Haut wësse mer: wärend enger klenger Verschnaufpaus ass dee Wäert op 66 gefall, fir elo bei 273 ze leien, mat weiderer Tendenz no uewen. Vun der rouder Lëscht kënnt de Grand-Duché soubal net.

D'Regierung hat de leschte Weekend Recht, wa se sot, datt den Taux vun den Neiinfektiounen zwar héich wier, déi aner Wäerter awer nach net esou schlëmm wieren. Lëtzebuerg test vill a fënnt dowéinst och méi positiv Fäll.

Wéi séier awer och déi aner Indicateure kënne kippen, weisen déi lescht Deeg: d'Spideeler soe sech selwer iwwerrascht a maache sech esou lues eescht Suerge fir déi nächst Wochen.

D'Kommunikatioun huet net geklappt

Et war en interessante Versuch fir en Appell un d'Eegeverantwortung ze maachen am Plaz direkt wëlle villes ze verbidden. Allerdéngs ass d'Krisekommunikatioun net gelongen. Virgëschter huet d'Gesondheetsministerin nach gemengt, et hätt een alles ënner Kontroll. Haut ginn eventuell nei Mesuren annoncéiert.

A wat d'Leit zeréckbehalen hu vun der Pressekonferenz nom Regierungsrot de leschte Samschdeg zu Senneng war d'Headline: Keng nei Restriktiounen. Wat d'Leit onbewosst matliesen: esou schlëmm kann et jo dann net sinn. D'Ausso, datt jiddwereen d'sozial Kontakter op e strikte Minimum sollt limitéieren, ass net duerchgedrongen.

Et feelen Informatiounen

De Bierger hunn och zwou wichteg Informatioune gefeelt, fir den Eescht vun der Situatioun ze verstoen: wann ee seet, datt den Haaptkrittär dee vun der Situatioun an de Spideeler ass, da muss een och transparent soen, wou d'Limitte sinn. An zweetens muss een och soen, wou d'Leit sech am Meeschten infizéieren.

Leider huet d'Santé an Tëschenzäit missen zouginn, datt se dat zu engem groussen Deel guer net weess. Et gëtt zu Lëtzebuerg kee konsequente Backtracing vun den Infektiounen.

Testcapacitéit gëtt net ausgenotzt

Versot huet och d'Teststrategie. D'Parlament huet mat groussem Pomp déi zweet Phas vum Large-Scale-Testing gestëmmt, déi am September ugefaangen huet, mat enger Capacitéit vu ronn 9.000 Tester am Dag.

Mol net d'Hallschent dovu goufen déi lescht Woche realiséiert. Am Juli gouf bal duebel esou vill getest wéi elo, wat sécherlech mat gehollef huet, d'Hausse, déi no Nationalfeierdag ugefaangen huet, ze bekämpfen. Firwat een elo, wärend dëser däitlecher Hausse vun den Infektiounen net mat alle Moyene probéiert positiv Fäll esou fréi wéi méiglech ze identifizéieren, fir se "aus dem Verkéier ze zéien", ass iwwerhaapt net nozevollzéien.

Dofir muss de Regierungsrot elo séier reagéieren. D'Testcapacitéit muss op e Maximum eropgefuer ginn. Kloer Messagen a begrënnten Decisioune sinn néideg, fir d'Spideeler ze entlaaschten, an e Maximum u Kollateralschied fir d'Ekonomie an d'Gesellschaft ze verhënneren.