Ënnert de Signatairen ass och Médecins sans frontières. D'Caroline Willemen ass zënter 2016 bei der Organisatioun engagéiert, si war selwer wärend zéng Méint um Rettungsschëff Geo Barents aktiv a koordinéiert elo d'Aktioune vun Italien aus. Mam neien Dekret missten d'Schëffer no enger Rettungsaktioun direkt ee sécheren Hafen ulafen. D'Garantie vum sécheren Hafe wier zwar e Fortschrëtt, mee no enger eenzeger Rettunsgaktioun dierfe keng Leit méi u Bord geholl ginn. Dat géif bedeiten, datt manner Leit kéinte gerett ginn a méi Leit erëm zeréck a Lybië geschéckt géifen.
En anere Punkt deen d'Organisatioune kritiséieren ass, datt d'Schëffer dacks an ofgeleeën Häfen dirigéiert ginn, wäit ewech vun de Plaze wou d'Leit an Nout sinn. Do feelen dann d'Rettungsschëffer.
ONGen: Identitéitsfeststellung ass Aufgab vum Staat
Et wier net déi éischte Kéier, datt déi italienesch Regierung mat bürokratesche Mëttele géif bremsen, sou nach d'Caroline Willemen. Mataarbechter vun Hëllefsorganisatioune géife kriminaliséiert ginn an d'Aarbecht vun ONGen immens erschwéiert ginn.
Zu den neie kritiséierten Oplage gehéiert och d'Feststelle vun der Identitéit vun de Leit déi gerett goufen an déi Asyl wëlle froen. Den Hëllefsorganisatiounen no wier et d'Aufgab vun de Staaten fir d'Asylprozeduren an d'Wee ze leeden an net un den Hëllefsorganisatiounen op de Schëffer. Un d'EU-Staaten ass et dann och den Appell d'Dispositioune vun den internationalen Accorden an dem Séirecht ze respektéieren. Hëllef a Séinout ass do an all Fall obligatoresch virgeschriwwen.