Radioen

On air

Espresso Beats  |  Smokey Robinson - Quiet Storm

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ofschloss vum "Auereprozess"

Auereprozess

Ofschloss vum "Auereprozess"

Am sougenannten "Auereprozess" géint de Geschäftsmann Flavio Becca huet säi franséischen Affekot Hervé Temime vun enger "extremer Sévérité" a vun enger "peine démesurée" geschwat. Hien huet op en neits de Fräisproch fir säi Client gefrot.

auto_stories

1 min

Domat reagéiert den Affekot op de Requisitoire vum Parquet, dee gëschter d'Verurteelung vum Flavio Becca wéinst Ënnerschloe vu Firmeverméigen a wéinst "Blanchiment détention" verlaangt huet.

Gefrot gouf dofir eng Prisongsstrof vun dräi an engem hallwe Joer mat méiglechem Sursis gefrot, eng Geldstrof vun 250.000 Euro grad wéi d'Beschlagname vun engen Deel vun den Aueren ëm déi et an dësem Prozess goung.

D'Urteel an dëser Affär gëtt de 4. Mäerz gesprach.