D'Ofschalte vum Atomreakter wier déi eenzeg richteg Decisioun gewiescht, seet de Roger Spautz vu Greenpace Lëtzebuerg. Hie géif awer d'Suerge vun der Leit, ob si sech an Zukunft hire Stroum nach leeschte kéinten, verstoen.
"Mir sinn an enger Energiekris, kloer, dofir muss gekuckt gi fir esou séier wéi méiglech Energiespuermoossnamen ëmzesetzen a fir weider an erneierbar Energien ze investéieren."
Wandparken, grad ewéi Projete fir Solarenergie kéinte méi séier a méi bëlleg ëmgesat ginn, seet de Roger Spautz.
Eng verfeelten Energiepolitik
Doel 3 hätt scho längst missen ofgeschaaft ginn, mat der Alterung vun de Reaktere géifen och de Risiko vun engem Accident an d'Luucht goen, betount de Roger Spautz.
A ville Länner wier viru Joren eng verfeelten Energiepolitik gemaach ginn. Dofir géif elo probéiert ginn, den "einfache Wee" ze goen an déi al Reakteren nach a Betrib ze loossen.
Dat wier geféierlech a falsch, warnt de Roger Spautz. "Politiker mussen och zu hirem Wuert stoen", esou de Vertrieder vu Greenpeace Lëtzebuerg.
Greenpeace: Verlängerung vun der Lafzäit ass risikoräich
An Däitschland géife verschidde Bedreiwer selwer soen, datt et ganz komplizéiert wier d'Lafzäit ze verlängeren oder d'Reakteren an der Reserv ze halen. Dat wier risikoräich an wier technesch och net onbedéngt machbar.
De Greenpeace-Mataarbechter fuerdert, datt d'Lëtzebuerger Regierung sech ganz kloer dofir misst asetzen, datt d'Belsch wéi geplangt Ufanks 2025 aus der Atomkraaft erausklëmmt. D'Lafzäit vun zwee vun de siwen Atomkraaftwierker soll net bis 2036 verlängert ginn, wéi dat ugekënnegt gouf.