Ënner de Membere vun der Delegatioun sinn ënner anerem den Ausseminister, de Minister fir Investitiounen, de Minister fir natierlech Ressourcen an Ëmwelt, souwéi d'Ministere fir Handel a Landwirtschaft.
Genee hei wäerten dann och d'Schwéierpunkte vun den Diskussioune leien. No bilaterale Gespréicher ënner de Regierungscheffen ass eng Entrevue mam Chamberpresident Fernand Etgen.
Wirtschaftlech Relatiounen
Geplangt ass och eng Visitt vun der Bourse, éier dann d'Chamber de Commerce op e Seminaire invitéiert. Hei sollen dann och eng Rei vu Memorandums of undestanding ënnerschriwwe ginn.
Den Ofschloss vum Dag mécht en Iessen an der Halle des poches de fonte um Belval. Samschdes invitéiert de Grand-Duc Henri fir eng Audienz an de Palais.
Am Kader vun dëser Visitt gesäit déi vietnamesesch Delegatioun och den de Vizepresident vun der europäescher Investitiounsbank Kris Peeters. Bei där Geleeënheet wäert och en Accord tëscht der BEI an Vietnam Electricity ënnerschriwwe ginn.