Radioen

On air

Notturno  |  Marina Allen - Swinging Doors

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Offall a Verpackungen: Nei Moossnamen trieden dëst Joer a Kraaft

Neien Offall-Gesetzpak

Offall a Verpackungen: Nei Moossnamen trieden dëst Joer a Kraaft

D'Philosophie vun dem neien Offall-Gesetzpak ass et, den Offall ze vermeiden oder nees ze verwäerten als Ressource. Verpackungen, déi just eng Kéier kënne genotzt ginn, gi progressiv verbueden. Viséiert ginn zanter dem éischte Januar virun allem d'Restauratioun, Fester a Supermarchéen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dëst Joer triede verschidde Moossnamen a Kraaft, déi eng Limitatioun vu Verpackungen an Offall viséieren.

Zanter dem éischte Januar dierfe Restauranten zum Beispill keen Eewee-Geschier méi benotzen, dat just eng Kéier ka benotzt ginn.

Fester a Liwwerdéngschter ginn och viséiert

De gréngen Deputéierten François Benoy war Rapporter vum Gesetzpak. Hien erkläert, datt Moolzechten, déi a Restauranten op der Plaz consomméiert ginn, op re-utilisabelen Telleren, Besteck, Tasen a Glieser mussen zerwéiert ginn.

Dës Moossnam, déi Eewee-Geschier viséiert, gëtt dann och ausgeweit:

"Vun 2023 un, sinn op Fester Plastikstelleren, -glieser a -besteck verbueden. Vun 2025 un, mussen all d'Behälter an d'Besteck am Take-Away a bei de Liwwerdéngschter re-utilisabel sinn."

An enger éischter Phase dierfen op de Fester an Evenementer keng Behälter fir Liewensmëttel a Gedrénks aus Plastik genotzt ginn. Vun 2025 un sinn dann och aner Matière viséiert, ausser Glas.

Keen Uebst a Geméis a Plastik vu Juli un

Fir de Verkaf vun Uebst a Geméis gëtt et dann de Stéchdatum vu Juli 2023, vun do un soll dann Uebst a Geméis ouni Plastiksverpackung presentéiert ginn.

De Paul Rasqué vum Ëmweltministère erkläert, datt ee sech heibäi u Frankräich orientéiert huet. Et hätt een och versicht, "déi Delaien esou ze wielen, datt se déi bescht méiglech Cohérence mat deem bidden, wat a Frankräich Applikatioun ass."

Zanter dem éischte Januar mussen iwwerdeem Eenzelhandelsbetriber, déi méi ewéi 400 Quadrat-Meter grouss sinn, an déi als Self-Service funktionéieren, eng Sammelplaz ubidden fir all d'Verpackungen vu Produiten, déi se verkafen.

Wéini ee Pfandsystem kënnt fir Fläschen a Béchse fir Gedrénks ass nach net gewosst, ee Reglement Grand-Ducal muss deen Datum festleeën. Den Tarif läit dann tëschent 10 Cent an engem Euro.