NSA krut kéng Donnéeën vu Skype a Microsoft, esou CNPD
D’Filialë vu Skype a Microsoft mat Sëtz zu Lëtzebuerg hunn der Dateschutzkommissioun no keng Donnéeën direkt un den US-amerikanesche Geheimdéngscht NSA viruginn, heescht et an der Äntwert vun der CNPD op eng Plainte vun der Biergerinitiativ “Europe versus Facebook”.
E Porte-Parole vun der Initiative huet an eisem Mëttes-panorama kritiséiert, dass d’Dateschutzkommissioun di eigentlech Fro iwwert d’Legalitéit vum Datentransfer säitens Skype a Microsoft Lëtzebuerg an d’USA net beäntwert hätt.
Lauschtert de ganzen Interview vum Pia Oppel mam Max Schrems am Mëttes-panorama:
[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/Oppel-NSA.mp3"]