NSA-Affär: Justizminister Braz gleeft net un "Anti-Spionage-Accord"

De Felix Braz geet net dervun aus, datt et tëscht der EU an den USA wäert zu engem Accord kommen, deen dat géigesäitegt Ausspionéiere - wéi et am Kader vun der NSA-Affär bekannt ginn ass – kéint verhënneren. Uersaach ass dem Justizminister no, datt net just Groussbritannien mee och aner EU-Memberstaten ähnlech Iwwerwaachungsprogrammer hunn.
éi entspriechend Verhandlungen tëscht Däitschland an den USA kéime net virun: an dat léich och dorunner, "dass en Deel vun de Länner, déi sech schockéiert gewisen hunn iwwert d'Aktivitéite vun den USA a Groussbritannien, deelweis selwer sou Aktivitéiten hunn, sou de grénge Minister an eisem Owespanorama.

Detailer am Bäitrag vum Pia Oppel:

 

Am Mëttespanorama sot de Justizminister, datt d’Verhandlungen iwwert déi europäesch Dateschutzrichtlinn réischt am zweete Semester 2015 ënner Lëtzebuerger Presidence ofgeschloss kënne ginn. De grénge Politiker widdersprécht domadder der EU-Justizkommissärin Viviane Reding (CSV), déi rezent sot, dat neit Reglement stéing schonn Enn vum Joer.

D’lescht Woch hat d’Europaparlament seng Verhandlungspositioun festgeluecht: eng verschäerft Versioun vun der ursprénglecher Kommissiounspropose. Lo fehlt nach d’Positioun vun den EU-Justizminister: Sträit gëtt et hei awer ë.a. nach iwwert d’Aufgabeverdeelung tëscht den 28 nationalen Dateschutzautoritéiten. Diskutéiert gëtt och nach driwwer wéi dee neien EU-Dateschutz baussent den europäesche Grenzen kann duerchgesat ginn.

De ganze Bäitrag:

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen