Selbstbewosst a gefaasst gëtt sech de Mike Mohring an deem Video, deen hien dëse Weekend op senge Social-Media-Säite verbreet. Mee och dëst Optrieden kann net verstoppen, wéi belaaschtend d'Wierder fir den thüringesche CDU-Spëtzekandidat musse sinn, déi hien seet: Rietsextremisten hätten hien opgefuerdert, säin Wahlkampf anzestellen. Wann net, géif hien ofgestach ginn, oder misst mat enger Autosbomm rechnen.
Kein Platz für Hass. Kein Platz für Gewalt. Kein Platz für Extremisten. Kein Platz für Nazis. Die Angst darf nicht gewinnen. Die #Zuversicht muss gewinnen. #thüringenzusammen #ltwth pic.twitter.com/qqlr57kL73
- Mike Mohring (@MikeMohring) October 20, 2019
Et sinn net déi éischt Mordmenacen, déi de Mike Mohring an dësem Wahlkampf kritt. Schonn Enn September war eng Postkaart bei der Thüringer CDU fir hire Chef ukomm. Hie wier d'Nummer 2, déi geschwënn e Kappschoss géif kréien - eng Referenz un de Mord um CDU-Politiker Walter Lübcke, deen am Summer zu Kassel erschoss gi war.
Radikal Normalitéit
Messerattacken, Autosbommen, Kappschëss: Et si Wierder, déi drastesch sinn. Net just fir e Politiker, dee se an engem Video seet. Och se esou auszeschwätzen, fillt sech falsch un. Mee et verdäitlecht, wéi krass sech den Discours um politesch rietsextreme Spektrum radikaliséiert huet - a wéi dës Radikalitéit och Normalitéit ginn ass.
A béide Fäll kommen d'Menacen nämlech aus genee deem rietsextremen Eck. Vun engem onbekannten Absender, dee mat ëmmer dem selwechte Pseudonym a ganz Däitschland scho Politiker a Persounen aus der Ëffentlechkeet Mordmenacë geschéckt huet.
Datt dat geschitt, huet och domadder ze dinn, datt déi riets Zeen an Däitschland nees massiv Selbstvertraue getankt huet.
A wie wonnert dat? Wa rietsextrem Attentäter no hiren Attacken op soziale Netzwierker gefeiert ginn? Wann e Geheimdéngscht-Chef jorelaang d'Gefor aus der rietser Zeen ënnerschätzt, bis een d'Gefill kritt, hie wier vläicht selwer net all ze wäit vun hir ewech? Wann eng Partei wéi d'AfD, déi mëttlerweil an all Regionalparlament an am Bundestag sëtzt, sech ëmmer méi no riets-bausse kann orientéieren an trotzdem Wielerstëmmen en Masse dobäigewënnt?
Ze laang blann um rietsen A
Datt de Mike Mohring d'Morddmenacen ëffentlech gemaach huet, kuerz virun de Wahlen, kann een natierlech och als politesche Move gesinn. Ëffentlechkeet, Matleed, Wielerpotenzial.
Mee datt vun der rietsextremer Zeen an Däitschland eng massiv Gewalt ausgeet, ass am Joer 2019 net méi ze verstoppen. De Mord um Walter Lübcke, d'rassistesch an antisemitesch Attack zu Halle, déi rietsextrem Ausschreidunge leschte Summer zu Chemnitz.
Wien also doranner, datt de Mike Mohring esou Menacen ëffentlech mécht, trotzdem just eng politesch Motivatioun gesäit, deen ass Deel vum Problem.