Nom Zukunftspak, ee Sozialpak?

D’Kafkraaft vun de Stéit ass bannent deene läschte Joeren, duerch eng méi héich Steierlaascht an duerch eng moderat Lounentwécklung zeréckgaangen. Déi sozial Ongerechtegkeeten huelen zou, kritiséiert den André Roeltgen. Den OGBL-President fuerdert fir nom Spuer- a Steierpak vun der Regierung (dem sougenannten Zukunftspak) elo ee Sozialpak auszeschaffen.

Steiere rof a Familljenzoulagen erop

Konkret fuerdert den OGBL eng Steierentlaaschtung fir d’Mëttelschicht a fir Stéit mat nidderegem Akommes, eng Verbesserung vun de Sozialleeschtungen, ee verstäerkte Schutz virum Chômage, grad ewéi eng nei Aarbechtszäitregelung fir Beruff a Familljeliewe besser ënnert een Hutt ze kréien. Op där anerer Säit misst d’Besteierung op Kapitalerträg a vun internationale Konzerner op de Leescht geholl ginn.

Inakzeptabel fënnt den OGBL-President de Gesetzprojet iwwert d’Reform vun de Familljenzoulagen. Virop misst elo den Accord vum 28. November 2014 tëscht Gewerkschaften a Regierung ëmgesat ginn. Deemools war festgehale ginn, datt d’Familljenzoulagen un den Index an un d’Lounentwécklung ugepasst ginn.

Spéide Kommentar zum Referendum

Bis haut hat den OGBL-President refuséiert, de klore Neen zum Auslännerwahlrecht beim vum consultative Verfassungsreferendum vum 7. Juni ze kommentéieren. Dat obwuel déi gréisste Gewerkschaft am Land sech kloer fir d’Aféiere vum Auslännerwahlrecht ausgeschwat hat. Am 100,7-Interview bleift den André Roeltgen elo bei engem knappe Kommentar: "D’Resultat ass kloer, an dat Resultat ass ze akzeptéieren. Dat ass d’Positioun vum OGBL." D’Matbestëmmungsfro géing sech weider stellen. Déi geplangte Reform vum Nationalitéitsgesetz wier een Aspekt dovunner.

Audio:

Den Interview vum Carole Schimmer mam André Roeltgen:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen