Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Luther Vandross - Never Too Much

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nom Etat de la Nation: Gemëschte Reaktioune vun de Fraktiounen

Lëtzebuerg

Nom Etat de la Nation: Gemëschte Reaktioune vun de Fraktiounen

No der Ried zur Lag vun der Natioun gouf et gemëschte Reaktiounen, fir den DP-Fraktiounschef Marc Baum si wichteg Akzenter gesat ginn am Beräich Klimaschutz, Logement a Kampf géint d'Aarmut. Déi meescht Oppositiounsparteie waren onzefridden no där Deklaratioun, d'Piratepartei huet awer och Positives dra fonnt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Relativ positiv iwwerrascht war de Sven Clement vun der Piratepartei iwwer d'Ëmsetzung vun hiren Fuerderungen zu engem Biergerrot, oder nach d'CO2-Kompenséierunge vun staatlecher Deplacementer. D'Aussoe vum Premier a punkto Logement fënnt de Sven Clement awer net kloer:

"Mir brauchen pro Joer 6.000 Wunnengen fir der Logementsnout hei zu Lëtzebuerg Meeschter ze ginn a mir bauen der elo an de nächsten X Joren- an do huet en jo keen Datum genannt - 8.000. Also iergendwa geet dat rechneresch net op an ech mengen net, datt do eppes geschitt. Grad ewéi mat der Grondsteier, mir ginn erëm 12 Méint vertréischt."

Problematesch wier, datt een an där Ried vill Ziler hätt, mee de Wee fir dohinner wier net ze erkennen, souwuel fir d'Klimapolitik, ewéi och fir de Logement, bedauert d'Martine Hansen, Fraktiounspresidentin vun der CSV:

"Déi Spekulatiounssteier, déi gëtt elo schonn aacht Joer laang annoncéiert, an et ass nach ëmmer näischt Konkretes do, och do hätte mer eis awer erwaart ze wëssen, wéi d'Prozedure kënnen vereinfacht ginn oder d'Naturschutzgesetz kann ugepasst ginn, a wéi kann ee méi Plaz schafe fir ze bauen."

D'Spekulatiounssteier an och d'Tax op ongenotzten Terrainen, Wunnengen déi eidel stinn: laang gëtt schonn driwwer geschwat. D'Josée Lorsché, Fraktiounspresidentin vun déi Gréng, seet awer, datt dat elo konkret kann ëmgesat ginn.

Weider Erliichterunge fir Monoparentauxe gouf et net

Zefridden ass den Georges Engel, LSAP-Fraktiounschef am allgemengen. Am Soziale géif een munches vermëssen. "Mee dir wësst, Kompromësser muss een ëmmer maachen".

D'Myriam Cecchetti vun déi Lénk ass net zefridden:

"Wou 44 Prozent vun de Monoparentauxen am Aarmutsrisiko liewen. Wat mécht déi Persoun vun enger Gratis Kannerbetreiung vun 7 [Auer Moies] bis 7 Auer Owes, wa se an engem Beruff schafft, wa se Schichte schafft?"

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet villes an der Ried vermësst. D'Verfassungsreform wier zum Beispill net ernimmt ginn.