Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Chet Faker - Get High

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nohalteg Entwécklung: déi global Transitioun

Afrika

Nohalteg Entwécklung: déi global Transitioun

Global denken, lokal handelen, dat wär den Usaz mat deem een d'Welt kéint besser maachen, seet den Oumar Sow aus dem Senegal. De Jurist schafft fir en erfollegräiche lokalen agropastorale Projet an hie war och Vertrieder vun der Zivilgesellschaft vum Senegal fir d'Ausschaffe vun den internationalen Objektiver fir eng nohalteg Entwécklung am Joer 2015. Trotz Kritiken, ass den Oumar Sow der Meenung, datt héichgestachen international Ziler zu enger Verännerung féieren.

auto_stories

2 min

Oumar Sow

Am Joer 2015 huet d'UNO sech 17 Ziler ginn, fir déi nohalteg Entwécklung bis d'Joer 2030. Dozou zielen d'Enn vun der Aarmut, d'Enn vum Honger, Wuelbefanne fir all, proppert Waasser, eng héichwäerteg Educatioun, Fridden, Gerechtegkeet, staark Institutiounen an sou weider. Wat bréngen esou héichgegraffen Ziler? Si si wichteg, seet den Oumar Sow. Esou hätten déi viregt "Milleniumszieler" aus dem Joer 2010, déi och vun de Vereenten Natiounen definéiert gi waren, Verbesserunge bruecht. Och wann net alles erreecht gi wär.

Mat deenen Zieler hätt d'Welt ronderëm verschidde wichteg Theme kënne mobiliséiert ginn. Mëttlerweil wären nei Erausfuerderungen dobäi komm, wéi de Klimawandel, seet den Oumar Sow. Esou hätt den Ëmweltsommet Rio+20 eng weltwäit Neiausriichtung bruecht. Dat hätt ënnert anerem dozou gefouert, datt déi afrikanesch Staaten eng gemeinsam Positioun fir déi nohalteg Entwécklung vun hirem Kontinent ausgeschafft hunn.

Global denken, lokal handelen

De Jurist aus dem Senegal schafft fir UIAPR (d'Union interprofessionnelle des agro-pasteurs de Rao), eng Organisatioun, déi am Partenariat schafft mat der Lëtzebuerger ONG "Frères des hommes".

1989 hunn zwee Cousinen hir Staatsbeamteplazen an der Stad opginn, a sinn zréck an Duerf vun hire Virfahre gaangen, am Norde vum Senegal an der Sahelzon. D'Duerf Guélack war vum Ausstierwe bedreet. Déi béid Männer hunn an 30 Joer en erfollegräichen, nohaltegen, agropastorale Projet op d'Bee gesat. Mat ënnert anerem engem Formatiounszenter fir jonk Baueren.

Fir den Oumar Sow ass déi weltwäit wirtschaftlech, sozial an ekologesch Transitioun just méiglech iwwert lokal Initiativen. De Jurist ass sech bewosst, datt een dofir awer och mat um Verhandlungsdësch vun der Politik muss sëtzen. Soss géingen d'Staaten Entscheedungen huelen, déi net an d'Richtung géinge goen, vun där nohalteger Entwécklung déi ee wéilt. Dofir missten engersäits un der Basis lokal Initiativen ënnerstëtzt a geschaaft ginn, a gläichzäiteg muss ee politesch Decisioune beaflossen, sou den Oumar Sow.