Radioen

On air

Notturno  |  Claude Pauly - Moorish Maze

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Tripartite

Chronik

No der Tripartite

Et war kee wierklech zefridde mat de Propose vun der Tripartite, déi um Dësch leien - dat läit an der Natur vum Kompromëss. Datt deen iwwerhaapt zustane koum, ass net selbstverständlech, mengt de Maurice Molitor.

auto_stories

3 min

Foto: Archiv

"Endlech emol nees eng richteg Tripartite", sot de CGFP-President Romain Wolff e Mëttwoch den Owend, wéi alles eriwwer war. An och d'Nora Back, d'Presidentin vum OGBL, huet sech gefreet: "De Sozialdialog lieft", war ee vun hiren éischte Sätz op der Pressekonferenz.

Op där anerer Säit vum Podium stoung de Michel Reckinger, President vun der UEL, Patron vun de Patronen. Hie war manner euphoresch, mee och net onzefridden: Vun den Diskussiounen zu Senneng géif dat richtegt Signal ausgoen, sot hien.

Erliichterung also virgëscht bei Patronat a Gewerkschaften. D'Press wollt do kee Spillverdierwer sinn, an huet dee Moment keng vu béide Parteie mat de kategoresche Fuerderunge konfrontéiert, mat deene se an d'Tripartite eragaange waren, an déi natierlech net all mateneen erfëllt konnte ginn.

Trotz roude Linnen, déi gezu gi waren, an du awer iwwerschratt goufen. Dat ass eben esou a Verhandlungen, sou funktionéiert dat Spill: et freet ee vill fir e bëssen ze kréien, well wann ee just e bësse freet, da kritt een näischt.

De Xavier Bettel ka sech op d'Schëller klappen

Et läit am Wiese vum Kompromëss, datt duerno kee ganz zefridden ass. Mee och déi Onzefridde sollten elo frou driwwer sinn, datt iwwerhaapt e Kompromëss méiglech war. Well dat war net evident an dëse schwéieren Zäiten.

An domat wiere mer bei der drëtter Partei um Dësch: der Regierung. Si dierf sech op d'Schëller klappen, de Premier ganz besonnesch. Dem Xavier Bettel gëtt jo nogesot, hie wier keen Dossiers-Mënsch, dacks net gutt preparéiert, ëmmer e wéineg presséiert. An am léifste géif hie sech souwisou op säi Geschéck a säi Gespier verloossen.

Déi Kéier huet hie sech Zäit geholl, an et net just fäerdeg bruecht, d'Sozialpartner zesummen ze bréngen, mee och seng eegen Ekipp zesummen ze halen. Datt d'LSAP e Verréckele vum Index an déi gréng eng Baisse vum Spritpräis schlécken, ass keng Selbstverständlechkeet.

Sou gesinn hunn déi kruziaalst Diskussioune sech dës Woch zu Senneng vläicht net an den zwou Ronne vun der Tripartite, mee am Regierungsrot tëschenduerch ofgespillt.

Lëtzebuerg ass keng Insel - oder ieren dach?

Wann den Accord den nächsten Donneschdeg definitiv ugeholl gëtt, huet dat awer och domat ze dinn, datt eise Staat sech et leeschte kann, einfach esou emol eng hallef Milliard op den Dësch ze leeën, no zwee Joer Pandemie.

Lëtzebuerg wier keng Insel, gëtt dacks gesot. An awer ass et eng: wéi engem anere Land säi PIB huet dann esou wéineg gelidde wéi eisen, an de leschte 24 Méint?

De Bléck an d'Ausland misst eis eigentlech bescheiden, a vläicht souguer e bëssen dankbar maachen: An Däitschland kréien d'Leit elo en eemolege Steierkredit vun 300 Euro. Bei eis kënnt fir d'éischt eng Indextranche, dann iergendwann (fir déi kleng Paien allzäit) e Steierkredit bis déi nächst Indextranche erfält.

An Däitschland kënnen d'Leit elo wärend dräi Méint den ëffentlechen Transport fir 9 Euro de Mount benotzen. Bei eis ass e schonn zwee Joer gratis.

Alles huet säi Präis

Elo kéint ee sech bekloen, datt de Präis vum Diesel an Däitschland bis an de Juli 14 Cent de Liter erofgesat gëtt, dee vum Bensinn 30 Cent, wärend bei eis an deem selwechten Zäitraum just eng Reduktioun vu 7,5 Cent bei allen Zorte virgesinn ass.

Kéint ee maachen. Mee et wier, mengen ech, méi ubruecht ze bedaueren, datt de Klimaschutz oder och d'Konsequenze vun engem solidareschem Asaz géint e Krich ganz séier vergiess ginn, wann et bis un den eegene Portmonni geet. Béides huet ebe säi Präis, an hoffentlech muss et eis net enges Daags leed dinn, datt mer net bereet waren, deen ze bezuelen.