De Kontakt bäibehalen, besonnesch Risikopatiente stabiliséieren, an eng Verschlechterung vum mentalen Zoustand verhënneren. Dat war dat Allerwichtegst wärend den dräi Méint Confinement, seet de Jean-Marc Cloos vum Spidol um Kierchbierg.
Servicer goufe wärend dem Confinement reduzéiert
Wärend dem Lockdown haten d'Corona-Patiente Prioritéit an all aner Aktivitéite sinn an de Spideeler erofgefuer ginn, och an de Psychiatrien. Virun allem déi éischt zwou Woche war et an den Urgencen "gespenstesch", seet de Jean-Marc Cloos.
Am Laf vun de Woche sinn d'Fäll awer progressiv eropgaangen an haut wiere quasi 100 Prozent vun de Better beluecht. Am Centre Hospitalier neuropsychiatrique zu Ettelbreck ass d'Zuel vun de stationäre Behandlunge konstant bliwwen, seet den CHNP-Direkter Mark Ritzen, d'Abteilunge wiere wärend dem Confinement bal komplett beluecht gewiescht. Dat wier haut nach ëmmer de Fall.
Eng Ausnam wier d'Addictologie, well een do vun de Klinicke géif ofhänken, an déi hätte wärend dem Confinement hir Aarbecht reduzéiert. Mëttlerweil géif sech dat awer normaliséieren.
Eng nei Well u Patienten
Mee mam Deconfinement géif eng nei Well vu Patienten op d'Psychiatrie am Spidol zréckgräifen, seet de Marc Ritzen. Et kéinte méi Fäll vun depressive Syndromer oder Angschtsyndromer ginn, an dat géif een och aus de Klinicken héieren.
Déi psychesch Sequellen vum Confinement si kloer ze erkennen, esou den Direkter vum Ettelbrécker CHNP: et wier zu méi Angschtstéierunge komm, an et hätt een och méi Depressioune festgestallt.
"Ich würde auch damit rechnen dass es für einige Menschen eine traumatisierende Erfahrung war jetzt über mehrere Wochen lang den Kontaktbruch zu Freunde und Angehörigen untergehen zu müssen."
D'Fräiheetsaschränkunge wärend dem Lockdown géifen ouni Zweiwel zu enger Verschlechterung vun der Santé mentale féieren. Se hätten en Impakt op Pathologie wéi Depressiounen, Addictioun a Suicide, bestätege béid Psychiater. De Stress wier fir déi ganz Gesellschaft eropgaangen. Sanitär Kris, ekonomesch Kris, an elo also eng psychesch Kris.
Et besteet Handlungsbedarf
Ass de Secteur strukturell preparéiert fir esou eng Demande? De Jean-Marc Cloos ass net optimistesch. Et misst endlech gehandelt ginn - d'Problemer an der Basisversuergung vun der Santé mentale wiere nämlech scho laang bekannt, mee dem Jean-Marc Cloos feelt eng Politik, déi an déi Richtung geet.
Wann een net wéilt, datt d'Urgencë weider iwwerlaf ginn, da misst een eng besser Basisversuergung fir déi mental Gesondheet hunn, déi net nëmmen an ausserspideelesche Strukturen assuréiert wieren an déi och vum Staat gedroe ginn. De Jean-Marc Cloos schwätzt vu fräischaffende Psychologen, Psychotherapeuten, déi Therapien ubidden an de sanitäre Secteur entlaaschten. De geréngen Accès op sou Déngschtleeschtunge wier engem räiche Land wéi Lëtzebuerg net würdeg.
De Mark Ritzen ergänzt, datt déi psychesch, genee wéi déi physesch Preventioun, reegelméisseg misst theematiséiert ginn. Et misst een dofir doriwwer schwätzen, an et beispillsweis och a de Schoulen enttabuiséieren. Jugendlecher missten informéiert ginn, datt psychiatresch Krankheeten, genee wéi kierperlech Krankheeten, ganz real sinn, datt se virkommen, a wat ee maache kann, wann ee betraff ass.