Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Destroyer - It Takes A Thief

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ No der Rentrée: Schüler solle "cibléiert" getest ginn

Coronavirus a Schoul

No der Rentrée: Schüler solle "cibléiert" getest ginn

Den Educatiounsminister Claude Meisch rifft all d'Schüler an d'Enseignanten dozou op sech nach virun der Rentrée op de Coronavirus testen ze loossen. Esou soll verhënnert ginn, datt Leit de Virus aus der Vakanz mat an d'Schoul bréngen an do weider Leit ustiechen.

auto_stories

2 min

An Analysen hätt ee festgestallt, datt dee gréissten Deel vun de Jugendleche sech an der Famill géif infizéieren, seet de Claude Meisch, "esou datt Famille mat Kanner ganz staark an de Fokus vum Large-Scale-Testing wäerte réckelen". D'Regierung géif an der nächster Zäit mat hire sanitär Mesuren éischter do reagéieren, wou de Virus present ass.

D'Lycéeë kënne vun der Rentrée u selwer decidéieren, ob d'Schüler och an der Klass mussen eng Mask undoen. D'Direktioune vun den eenzele Schoule wieren am Beschte placéiert fir déi Decisioun ze huelen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. Déi Decisioun soll awer ofgeschwat ginn.

"Ech denken, datt et wichteg ass, datt eng Direktioun dat och mat den Acteuren an der Schoul ofschwätzt. Datt een do elo net no vir stiermt a seet, elo maache mer dat, an d'Schüler an d'Enseignantë verstinn et net, an d'Elteren acceptéieren et net. Dofir soll een déi Acteuren op d'mannst och consultéieren."

Dat wichtegst wier, datt Schüler an Enseignante sech sécher genuch spiere fir sech op d'Léieren ze konzentréieren, esou de Claude Meisch. Wann an enger Schoul vill Infektiounen optrieden, da kéint awer och d'Santé imposéieren, datt an de Klassesäll Maske mussen ugedoe ginn.

D'Schoulen hunn och d'Méiglechkeet fir en Deel vun de Schüler vun doheem aus léieren ze loossen an d'Schoule kéinten hire Modell och relativ fräi gestalten, "mee wann een duerno gesäit, do ass wierklech e Problem an enger Schoul, da kann et och sinn, datt d'Santé déi Mesuren imposéiert", esou den Educatiounsminister.