Nieft Hahn och Leipzig : Zhengzhou baut Partenariater an Europa aus
De chinesesche Fluchhafe vu Zhengzhou, deen d’Cargolux nom Accord mam neien Aktionär HNCA soll ufléien, dierft nieft dem Fluchhafen Hahn och elo ee Partenariat mat deem vu Leipzig ofschléissen. Dat huet eis op Nofro de Cargolux-President Paul Helminger de Moie confirméiert. Datt Zhengzou versicht esou Partenariater uechter Europa ze knäppen fënnt de Paul Helminger eng absolut normal Demarche. “Mier wëssen datt mer als Standuert a Konkurrenz stinn zu enger Rei Fluchhäfen”, sou de Cargolux-President. Allerdéngs widderhëlt hien seng Kritik um neie chinesesche Partner, well ee virun 10 Deeg net iwwert dës Demarchen informéiert gouf. Doriwwer wier ee net frou, dat hätt een HNCA och matgedeelt. “Mir waarden awer elo nach op eng Reaktioun vun hinnen”, sot de Paul Helminger. Den Accord tëschent Zhenhzou a Frankfurt-Hahn wier iwwregens keng laangfristeg Zesummenaarbecht, mee en “Engagement de principe”, deen de Moment nëmmen zwee Charter-Flich géif betreffen. “Quant au fond mécht dat eis net allze vill Suergen”, sou de Cargolux-President.
Den Interview aus dem Mëttes-Panorama vum 8. Mee:
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2014-05-08-md-PB12-Zhengzhou-Leipzig.mp3"][/audio]