Radioen

On air

Resonanzen  |  Mariano Mores (arr. Werner Thomas-Mifune) - Cafetin de Buenos Aires - Mandelring Quartett

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit proposéiert nei Grenzwäerter fir Asbest

AARBECHTSRECHT

Nicolas Schmit proposéiert nei Grenzwäerter fir Asbest

D'Europäesch Kommissioun presentéiert eng iwwerschafften Direktiv iwwert d'Expositioun vun Asbest op der Aarbecht. Déi proposéiert Grenzwäerter sinn däitlech manner streng ewéi déi, déi d'Europaparlament am Oktober zejoert gefuerdert hat.

auto_stories

3 min

Méi wéi dräi Millioune Leit sinn an der EU an de leschte 40 Joer gestuerwen, well se Asbest-Faseren ageotemt hunn. Déi Chiffere stame vun der Internationaler Kommissioun fir d'Gesondheet op der Aarbecht. Si warnt virdrun, datt bei den aktuelle Grenzwäerter all Joer ronn 45.000 Asbest-Doudeger dobäi kommen.

Asbest ass Nr. 1 vun den Ursaache fir aarbechtsbedéngte Kriibsfäll

D'Europäesch Kommissioun huet reagéiert an annoncéiert, datt d'Grenzwäerter an der EU solle verschäerft ginn. Haut gëtt d'Reform vun där respektiver Direktive vum EU-Kommissär fir d'Aarbecht a Soziales, dem Lëtzebuerger Nicolas Schmit, presentéiert.

Et ass een Deel vum Aktiounsplang géint de Kriibs vun der Von der Leyen - Kommissioun. Si reagéiert domat och op eng Demande vum Europaparlament, wat am Oktober zejoert eng Upassung vun de Grenzwäerter gefuerdert hat.

Sou wäit wéi d'Parlament wëll d'Kommissioun awer wuel net goen.

Zwar ass an der EU zanter 2005 all Form vun Asbest verbueden. Well vill Gebaier awer vu virun deem Verbuet stamen, si nach ëmmer tëscht véier an siwe Milliounen Salariéeën op hirer Aarbechtsplaz Asbestfaseren ausgesat. Déi allermeescht dovun um Bau. Bei iwwer zwee Drëttel vun de Leit, déi Kriibs duerch hir Aarbecht kréien ass dat op Asbest zeréckzeféieren. Kriibs, dee sech dacks eréischt no 30 Joer manifestéiert, also dann, wann déi Betraffen an der Pensioun sinn - schreift d'Kommissioun am Exposé des motifs vun der reviséierter Direktiv.

EU-Parlament hat zéng Mol méi nidderege Grenzwäert gefuerdert

Zanter 2003 gëllt an der EU ee Grenzwäert vun 0,1 Faser pro Kubikzentimeter bei enger Expositioun vun aacht Stonnen. Dee Wäert gouf 2007 och esou zu Lëtzebuerg agefouert. Der Agence Europe no wäert d'Kommissioun haut proposéieren, datt dee Wäert ëm dat Zéng facht erofgesat gëtt. D'Europaparlament hat allerdéngs ee Grenzwäert gefuerdert, dee nach emol zéng Mol méi niddereg ass.

"Mir mussen dee Wäert de neisten Erkenntnisser upassen, déi soen, datt sou guer déi niddregst Expositioun krank mécht", hat deemools de Rapporter vum Parlament den Dänesche Lénken Nikolaj Villumsen gesot.

Wëssenschaftlech Etüde géifen effektiv weisen, datt all Expositioun kéint krank maachen, seet och d'Kommissioun. De proposéierte Wäert wier eng Balance, tëscht enger adequater Protektioun fir d'Salariéen an dem Versuch onverhältnesméisseg Käschte fir d'Entreprisen z'evitéieren.

Et wier och dowéinst esou gewielt ginn, well dann déi üblech Methode fir d'Faseren nozeweise kéinte genotzt ginn, an deemno keng Transitiounsperiod fir d'Ëmsetze vun där neier Direktiv néideg wier.