Nicolas Schmit: keng Tabuen bei Steierreform

De Nicolas Schmit sot sech “positiv iwwerrascht”, dass d’Regierung d’Sozialpartner wëll mat abannen an déi fir 2017 geplangte Steierreform. Et däerfte bei der Ausschaffung vun där Reform keng Tabuen ginn, esou den Aarbechtsminister an eiser Emissioun Riicht Eraus. “Mir hunn eng nei Diskussioun an Europa iwwert déi allgemeng Besteierung”. D’Aarbecht misst par rapport zu anere Revenuë manner belaascht ginn.

De Nicolas Schmit huet och op d'Kritik reagéiert vun LSAP-Memberen an engem Positiounspabeier vun der Fondatioun Robert Krieps, d'LSAP géif oft als Partei vum mannsten Iwwel ugesi ginn. Dat wär eng Presentatioun déi d'LSAP oft vu sech selwer gëtt. D'Partei misst kloer soe fir wat se steet, nämlech sozial Gerechtegkeet.

Déi ganz Emissioun mam Aarbechtsminister Nicolas Schmit:

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen