Radioen

On air

De Moien  |  Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, den Björn Höck, steet virun Geriicht

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net de richtege Moment fir ze lockeren"

Corona-Pandemie

"Net de richtege Moment fir ze lockeren"

Et wier net de richtege Moment fir d'Mesuren ze entschärfen, seet de Premier. D'Zuel vun den Neiinfektioune géif zwar an d'Luucht goen, mee déi aktuell Mesurë wieren déi richteg.

auto_stories

2 min

Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen (Archiv)

Zu Lëtzebuerg wier et eng Hausse vun den Neiinfektioune ginn, mee dat wier net reng national bedéngt, esou de Xavier Bettel. Am Regierungsrot wieren dofir déi aktuell Mesuren ënner d'Lupp geholl ginn.

"Et gëtt keng Ursaach déi Mesuren ze änneren", ënnersträicht de Xavier Bettel. D'Mesuren, déi gëschter an der Chamber gestëmmt goufen, wieren nach ëmmer déi richteg.

Ee Grond: nom Summer geet d'Liewen erëm un

Eng vun den Ursaache fir eng méi héich Zuel un Infektioune wier et, datt nom Summer d'Aktivitéiten erëm ufänken. D'Leit géifen hei erëm méi a Kontakt kommen.

De Retour aus de Vakanze wier och een Aspekt: ronn een Drëttel vun den Infektioune wier heirop zeréckzeféieren. D'Infektioune géifen awer am private Kader geschéien, esou de Xavier Bettel.

Gesondheetssystem net iwwerlaascht

"Den Tracing funktionéiert de Moment gutt, mir si gutt opgestallt", betount de Xavier Bettel. Dës Approche wier déi richteg.

D'Zuel vun de Leit an de Spideeler an déi vun de Leit op der Intensivstatioun wier déi wichteg, esou de Premier. "Déi Zuel musse mer ëmmer am Viséier hunn." Déi Zuele wiere momentan awer niddreg a berouegend.

13 Leit sinn nei an d'Spidol komm, 11 konnten d'Spidol verloossen. Momentan sinn 20 Leit am Spidol, een op der Intensivstatioun. De Lëtzebuerger System wier net iwwerlaascht, ënnersträicht d'Gesondheetsministerin.

42 Prozent vun de positive Fäll wieren duerch eng Ordonnance vum Dokter opgefall, déi Leit sinn also symptomatesch. De Gros vun de positive Fäll wier also asymptomatesch.

Keng grouss Clusteren

31 Prozent vun de Leit hu sech an der Vakanz ugestach, preziséiert d'Paulette Lenert. 20 Prozent vun den Neiinfektioune sinn am private Kader geschitt. Et géifen awer keng grouss Clustere ginn. Aacht Betriber wiere concernéiert, d'Infektioune wieren awer iwwerschaubar.​

Isolement bei Enseignanten

Datt Enseignanten trotz Isolement hunn dierfe schaffe goen, wëllt d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert nach eng Kéier Fall fir Fall iwwerpréiwen. Dës Decisioune wieren ëmmer individuell geholl ginn. D'Gesondheetsministerin wëllt no dëser Evaluatioun kucken, ob d'Mesurë geännert musse ginn. "Dofir engagéieren ech mech."

D'Santé wier drop agestallt fir nei Zenteren opzemaachen, wann d'Dokteren an der Praxis iwwerlaascht wieren. Ee Centre de consultation Covid kéint an der aler Nationalbibliothéik opgemaach ginn.