Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net alles wat Experte soen ass Bibel"

Budgetspolitik

"Net alles wat Experte soen ass Bibel"

​De Chamberpresident gesäit an, datt d'Roll vun den Deputéierten an der Budgetspolitik ka verbessert ginn. De Mars Di Bartolomeo reagéiert domat op Kritiken, déi eng Ronn vun Experten an de Staatsfinanzen an eiser Emissioun Riicht eraus formuléiert hunn.

auto_stories

2 min

De Chamberpresident Mars Di Bartolomeo

D'Chamber géif hirer Kontrollfunktioun an der Budgetspolitik net gerecht ginn. Déi kompetent Staatsverwaltunge misste besser ënnert enee koordinéiert ginn. Institutioune wéi de Comité de prévision an den Nationale Rot vun den ëffentleche Finanze misste méi an d'Opstelle vum Staatsbudget agebonne ginn. Dat waren et puer vun de Kritiken a Suggestiounen, déi de Romain Bausch, de Georges Heinrich an de Serge Allegrezza an der Emission Riicht Eraus zum Ausdrock bruecht hunn.

D'Kritiken, déi spezifesch d'Chamber betreffen, sinn dem Chamberpresident Mars Di Bartolomeo no deelweis berechtegt. Et géif Loft no uewe ginn, och bei der Budgetskontroll. Allerdéngs misst een nuancéieren. D'Chamber kréich an der Tëschenzäit méi Donnéeën an dat Ganzt wier e Léierprozess, esou den LSAP-Politiker. "Ech ka mir virstellen, datt d'Chamber an Zukunft méi ee groussen Afloss op d'Budgetsgestaltung wäert anhuelen."

"D'Wourecht net gepacht"

Ee Joer hätt een elo Erfahrung mam sougenannte Semestre européen gesammelt. Mat deem Kader also, an deem d'Eurozon-Memberstaaten hir Budgetsprozeduren ënnert enee koordinéieren. Elo wéilt een de Bilan zéien, fir eventuell nozebesseren. Jiddefalls wier een um richtege Wee, esou de Chamberpresident.

De Mars Di Bartolomeo betount, d'Experten hätten d'Wourecht net gepacht. "Et waren och Experten um europäesche Plang, déi eis an de leschte Joren eng eesäiteg Austeritéitspolitik proposéiert hunn." Eng Politik vun där een d'Konsequenze géif kennen. "Net alles wat Experte soen, ass Bibel."

Et wéilt een d'Experten a Saache Staatsfinanze méi abezéien, mee d'Rolle mussen dem Mars Di Bartolomeo no kloer verdeelt sinn. D'Aschätzunge vun den Experte wieren nëtzlech, mee et wier un der Politik fir op Basis vun de Chifferen Decisiounen ze huelen.


Bäitrag vum Michel Delageplay_arrow

Interview mam Chamberpresidentplay_arrow