Radioen

On air

Notturno  |  Tapir! - My God

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Gesetz reegelt Sammele vun Daten

Dateschutz

Neit Gesetz reegelt Sammele vun Daten

D'Justizministesch Sam Tanson wëllt eng Rei EU-Direktiven am Beräich vum Dateschutz mam Depot vun engem Gesetzesprojet ëmsetzen. Méi prezis geet et ëm d'Sammele vu Beweegungs- a Lokaliséierungsdaten.

auto_stories

2 min

D'Justizministesch Sam Tanson bei der Presentatioun vum neie Gesetzestext. Foto: Ministère de la justice

Lauschterenplay_arrow


Déi Donnéeën, déi just opweisen, wie wéini mat wiem telephonéiert huet a wou ee sech zu deem Moment opgehalen huet, sollen an Zukunft just nach ënner spezielle Konditioune kënne gesammelt ginn, esou d'Sam Tanson.

Domat soll dat generellt an ondifferenzéiert Späichere vun Trafic- a Standuertdonnéeën ofgeschaaft ginn, erkläert d'Justizministesch.

Et gi punktuell Ausnamen

Ausname gëlle fir IP-Adressen, déi weiderhin zäitlech begrenzt ofgespäichert kënne ginn, dëst virun allem wéinst den Enquêten am Beräich vun der Pedopornographie. Dat selwecht gëllt fir déi elementar Donnéeën, déi ee bei engem Provider hannerléisst, also zum Beispill den Numm.

Och cibléiert kënne weiderhin Date gesammelt ginn, dat zum Beispill an der Situatioun vun enger graver Menace fir déi national Sécherheet. Och vu bestëmmte Persounen oder op geographesch Plazen, déi nach festzeleeë sinn, kënne cibléiert Date gesammelt ginn.

Strikt Reguléierung vum Accès

Den Accès zu dësen Donnéeën ass strikt reguléiert, erkläert d'Justizministesch Sam Tanson: just am Kader vun enger Enquête kéint een Accès op déi Date kréien, den och extra motivéiert misst ginn.

D'Reegele fir deen Accès géifen et haut schonn am Kader vum Code de procédure pénale ginn, seet d'Sam Tanson:

"Bei der Justiz ass dat op Ufro vum Untersuchungsriichter a beim Geheimdéngscht ass et den Artikel 7 vum Geheimdéngschtgesetz an dat ass op Autorisatioun vum Comité ministériel de renseignement, deen et dann haut och scho gëtt."

Der Justizministesch no hätt ee mam Text probéiert en Equiliber tëscht Sécherheetsintressen an dem Schutz vu perséinlechen Donnéeën ze schafen.