Radioen

On air

Resonanzen  |  Nei Releasen

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neit Covid-Gesetz ass gestëmmt ginn

Chamber

Neit Covid-Gesetz ass gestëmmt ginn

An der Chamber gouf de Mëtten mat 54 Jo-Stëmmen, 4 Nee-Stëmmen an 2 Enthalungen dat neit Covid-Gesetz ugeholl. Grouss Changementer ginn et net, mee awer eng Rei Upassungen. Fir all Visitt an engem Spidol brauch ee zukünfteg de CovidCheck. Am ëffentlechen Transport bleiwen d'Masken bis den 18. Oktober obligatoresch, dat selwecht gëllt fir de CovidCheck-System fir Versammlungen an Evenementer.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Och d'CSV huet de Mëtten hiren Accord signaliséiert, well ee mat de meeschte Mesuren averstane wier. Virgeschloen an och zur Sproch komme soll deemnächst eng Reegelung, déi et Patrone méiglech mécht, de CovidCheck-System beim Personal ze applizéieren.

"Hei muss eng Majoritéit protegéiert ginn"

Dem Rapporter Mars di Bartolomeo no géife scho Gespréicher lafe fir de CovidCheck effektiv och op der Aarbechtsplaz anzesetzen. Schaarf Kritik koum dergéint vun der ADR. De Jeff Engelen huet virdru gewarnt, datt d'Gesellschaft net dierft gespléckt ginn: et géif een net acceptéieren, datt "Leit vum gesellschaftleche Liewe sollen ausgeschloss ginn, well si sech net impfe loossen."

En emotionale Solidaritéitsappell war et vum Premier Xavier Bettel, deen nach eemol ënnerstrach huet, datt et ouni Impfe keng weider Fräiheete géif ginn.

"Mir mussen dee Wee do zesumme goen. An et kann net sinn, datt déi 85 Prozent weider Restriktioune mussen hunn, net dierfen dat viregt Liewe fannen, well 15 Prozent net wëlle geimpft ginn. Hei gëtt gesot, et misst eng Minoritéit protegéiert ginn, ech sinn och der Meenung dat hei muss eng Majoritéit protegéiert ginn."

Souwuel de Premier wéi och d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert hunn awer och kloer gemaach, datt déi Net-Geimpfte zukünfteg mat weidere Restriktioune musse rechnen, wann den Taux an de nächste Wochen net sollt klammen. D'Gesondheetsministerin huet sech awer mat de Retouren aus der Vakanz a mam Succès vum Impfbus optimistesch gewisen.