Neie Spidolsplang fir Ufank 2015 geplangt
Den neie Spidolsplang soll Ufank 2015 a Kraaft trieden: domat rechent d’Gesondheetsministerin. D’Aarbechten um Plang sinn an der Endphase, esou d’Lydia Mutsch am 100,7-Interview. Den Avant-Projet fir dat groussherzoglecht Reglement soll am September duerch de Regierungsrot goen. An enger Aktualitéitsdebatt an der Chamber soll duerno explizéiert gi, op wéi eng Aart a Weis den neie Spidolsplang d’Parlaments-Recommandatiounen aus dem Joer 2013 soll ëmsetzen.
Wéineg Suerge mécht d’Ministerin Lydia Mutsch sech iwwert déi zukünfteg Zesummenaarbecht tëschent de Kliniken:
Et géif dorëm goen, datt am Interesse vum Patient tëschent de Spideeler gutt zesumme geschafft gëtt, esou d’Gesondheetsministerin: Déi disponibel - limitéiert - Ressourcë solle bescht-méiglech agesat ginn.
De ganze Panorama-Bäitrag zum neie Spidolsplang an de Kompetenzzenteren: