Radioen

On air

Notturno  |  Young Fathers - Geronimo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Mr oder Ms Euro: Wichtegen EU-Posten oder Auslafmodell?

EUROGRUPPECHEF

Neie Mr oder Ms Euro: Wichtegen EU-Posten oder Auslafmodell?

De Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna wëllt Chef vum Eurogrupp ginn. Wéi wichteg déi informell Reuniounen ënner de Finanzministere vun der Eurozon an Zukunft sinn, hänkt vum Verlaf vun der Kris of. Et kéint awer sinn, datt den Eurogrupp laangfristeg u Bedeitung verléiert, soen Experten.

auto_stories

6 min

De Pierre Gramegna wëllt Virsëtzende vum Eurogrupp ginn. Foto: EU / Zucchi Enzo (Archiv)

Am Eurogrupp treffe sech zanter 1998 reegelméisseg d'Finanzministeren aus den 19 Länner, déi den Euro hunn. D'Reuniounen hunn ee reng informelle Charakter. Si sinn traditionell een Dag virun deene vun de Finanzministeren aus der ganzer EU, do ginn da formell d'Decisioune geholl.

Den EU-Traitéen no huet den Eurogrupp nämlech keng explizitt Kompetenzen. Reng um Pabeier huet also och den Eurogruppechef oder d'Cheffin dowéinst net vill ze soen.

"Eigentlich hat der oder die Vorsitzende der Eurogruppe keine direkte Macht oder Kompetenzen", seet den Daniel Gros, den Direkter vum Centre for European Policy Studies zu Bréissel. Hien oder si kéint just den Ordre du jour vun de reegelméissege Meetinge festleeën an d'Diskussioune leeden.

D'Koordinatioun ënner de Ministere vun den Eurolänner ass awer wichteg. Dorop weist de Guntram Wolff, Direkter vum Think Tank Bruegel hin. "Der Präsident oder die Präsidentin prägt die Rolle der Eurogruppe ganz entscheidend, insofern ist das eine sehr wichtige Personalie".

Corona-Kris mécht Finanzfroen zur Chefsaach

Fir dee Posten hu sech elo zwee Kandidaten an eng Kandidatin gemellt. Wéi wichteg hir Roll wäert sinn, dat hänkt dovun of, wéi sech d'Kris, ausgeléist duerch d'Corona-Pandemie, weider entwéckelt, doriwwer si sech d'Experten eens.

D'Nadia Calvino an de Pierre Gramegna. Foto: EU / Zucchi Enzo (Archiv)

Grad awer déi Kris kéint awer och dofir suergen, datt d'Decisiounen an der EU ëmmer méi zur Chefsaach ginn. Wéi et zum Beispill drëms goung, sech iwwer een e puer Honnert Milliarde schwéiere Fonds de Relance eens ze ginn, hunn d'Finanzministere misse passen - déi nächst Woch diskutéieren d'Staats- a Regierungscheffen doriwwer.

Och duerch d'Antikrisemesuren, déi an der EU an der Diskussioun sinn, kéint den Eurogrupp an de nächste Méint u Bedeitung verléieren, seet den Daniel Gros.

"Der Rettungsfonds ist ja kein Fonds für die Eurogruppe, sondern für die gesamte EU. Deswegen sieht es schon so aus, als würde der Ecofin, also der Rat aller Finanzminister, jetzt wieder mehr Gewicht haben gegenüber der Eurogruppe, die nur eine Untergruppe ist."

Permanenten Eurogruppechef net fir elo

Zanter datt mat Groussbritannien dat wichtegst Net-Euroland d'EU verlooss huet, ass den Ënnerscheed tëscht béide Gremien nach méi kleng ginn. Dozou kënnt, datt weider EU-Länner wëlles hunn, den Euro anzeféieren.

Gëtt den Eurogrupp dann iwwerhaapt nach gebraucht? Besonnesch a Krisenzäite kruten d'Reunioune vun de Minister aus der Eurozon eng grouss Bedeitung. Och wann am Eurogrupp keng formell Decisioune geholl goufen, sinn an deem méi klenge Krees déi decisiv Kompromësser dacks a laangen Nuechtssëtzungen ausgehandelt ginn.

De Paschal Donohoe (lénks) an de Pierre Gramegna (riets). Foto: EU / Mario Salerno (Archiv)

Ganz wichteg war dee Grupp 2011 an 2012, wéi Griichenland Problemer mam Staatsbudget hat. Deemools war de Lëtzebuerger Premier- a Finanzminister Jean-Claude Juncker Chef vum Eurogrupp. Hie war dat tëscht 2005 an 2013 an huet sech dofir staark gemaach, datt et an Zukunft ee permanenten Eurogruppechef sollt ginn. Also een, deen net och nach gläichzäiteg Finanzminister a sengem Land ass.

De Guntram Wolff ass och där Meenung. Den Eurogrupp sollt vun engem koordinéiert ginn, dee virun allem déi europäesch Interêten am A behält.

"Wir brauchen jemanden, der permanent in den nationalen Diskurs geht und auch die Minister daran erinnert, dass es nicht nur um die eigenen nationalen Wähler geht, sondern eben auch um die Eurozone als Ganzes."

Europaparlament schwätzt net mat

D'Diskussioun ëm esou ee permanente Posten gouf awer ni richteg gefouert. Och net déi iwwer déi demokratesch Legitimatioun vum Eurogrupp. Dem Chef vum Bruegel Think Tank no misst den Eurogrupp och dem Europaparlament Rechenschaft ofleeën. Dat ass den Ament net esou an den EU-Verträg virgesinn.

"Wir haben aufgrund der dürftigen Vertragslage eine echte Limitierung der demokratischen Legitimierung und der Transparenz."

Dat gesäit den Daniel Gros vum Centre for European Policy Studies net esou. Et wier gutt a wichteg, wann d'Ministeren och mol d'Geleeënheet hu sech informell an ënner sech mateneen ze schwätzen.

"Die Eurogruppe dient ja nur dazu, sich vorher auszutauschen, um zu sehen, welche Entscheidungen kompromissfähig sind. Dann wird es weitergleitet, an die, die auch demokratesch und formal legitimiert sind."

Jobdescription: Experienz an Autoritéit gefrot

Den aktuellen Eurogruppechef Mario Centeno huet sech iwwerdeems dofir ausgeschwat, datt weiderhin ee Finanzminister Chef vum Grupp ass. Dee wier besser opgestallt fir ee Kompromëss ënner Sengesgläichen auszehandelen. Och den Daniel Gros fënnt, datt et machbar ass, zwou Kapen unzehunn.

"Wenn man Finanzminister aus kleineren Ländern, insbesondere von einem Land, das keine besonderen finanzpolitischen Schwierigkeiten hat, dann sollte die Belastung doch tragbar sein."

Där Beschreiwung no wier de Pierre Gramegna een optimale Kandidat.

Mat am Renne sinn dës Kéier déi spuenesch Finanzministerin Nadia Calvino an den Ir Pascal Donohoe. Si bréngen allen zwee e puer Joer manner Experienz mat wéi de Lëtzebuerger Finanzminister. Fir den Daniel Gros spillt d'Experienz effektiv eng wichteg Roll.

De Guntram Wolff seet, den Eurogruppechef oder d'Cheffin misste virun allem kapabel sinn déi aner dozou ze bréngen, Kompromësser ze maachen.

"Es ist wichtig Autorität und Verhandlungsgeschick zu haben, um den Kompromiss ausloten zu können. Dafür braucht man viel Gespür und Fingerspitzengefühl. Vor allem muss man anerkannt werden von den Kollegen."

Den Nach-Eurogruppechef Mario Centeno sot och, wéi hie gefrot gouf, wat e sengem Nofollger wéilt roden, datt deen et virun allem misst fäerdeg brénge seng Kolleege bei deene laange Sitzunge wakereg ze halen.

Um Hiewel setzen um Enn d'Kolleege Ministeren am Eurogrupp. Si wielen hiren neie Chef en Donneschden Nomëtteg an engem geheime Vott. A bei där Decisioun, sou nach de Guntram Wolff, géife jo och eventuell geheim Ofmaachungen am Hibléck op aner héich Posten eng Roll spillen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.