Radioen

On air

Espresso Beats  |  Tosca - Swimswimswim (Mato Version)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Teststrategie fir déi nächst Wochen

Coronavirus

Nei Teststrategie fir déi nächst Wochen

695 Neiinfektiounen bei ronn 82.900 Tester. Dat ass de Covid-19-Bilan vu leschter Woch, deen d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert den Donneschdeg virgestallt huet. D'Zuele vun den Infektiounen goungen d'lescht Woch nach liicht erop.

auto_stories

2 min

Zwee Drëttel vun deene Positive si symptomatesch. Och wann 72 Prozent vun den Infektiounen net am Kader vum Large Scale Testing detektéiert goufen. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert appelléiert dowéinst un d'Leit, sech en Test verschreiwen ze loossen, wa si liicht Symptomer hunn.

Si sot, et wier "largement am familiäre Beräich, wou d'Leit sech ustiechen a wou si d'Gestes barrières net respektéieren."

D'Strategie vun den Tester gëtt fir de Summer an den Hierscht adaptéiert. Am Süde vum Land, wou de Virus méi prevalent ass, soll aus all Stot ee Member getest ginn. Et soll och méi cibléiert am Hotellerie- a Restauratiounssecteur getest an e System en place gesat ginn, fir d'Saisonsaarbechter ze testen, déi am Hierscht kommen.

Nom Congé collectif: Kollektiv Vouchere fir d'Bauentreprisen

Am Bausecteur, wou méi Infektioune festgestallt goufen, solle fir de Retour aus dem Congé collectif Voucheren un d'Entreprise verdeelt ginn, fir hir Ekippen testen ze loossen.

"D'Iddi ass, datt een dat esou asetzt, datt een Echantillonen zitt an dann e globaalt Bild kritt iwwer zwou Wochen, wéi vill Prevalenz eventuell ass. An dat erlaabt eis eng gutt Surveillance vun den Ekippen an och eng Méiglechkeet, datt wann eppes Verdächteges wier fir ganz séier e Betrib duerchzetesten, wann dat misst sinn."

Bis Mëtt des Mounts soll eng Etüd iwwer de Verlaf vum Virus am Schoulkontext virleien. Déi Erkenntnisser an déi vun der europäescher Gesondheetsagence géifen afléissen an d'Planung fir verschidde Zenarie fir d'Schoulrentrée, esou d'Paulette Lenert.